J-2 (Rakéitendreifwierk)

J-2 ass d'Bezeechnung fir e Rakéitendreifwierk, dat bei der Moundrakéit Saturn V zum Asaz koum. Et war an der Zäit dat gréisst mat flëssegem Waasserstoff bedriwwnd Dreifwierk vun den USA, gouf awer mat der Entwécklung vum Haaptdreifwierk vum Space Shuttle iwwertraff.

J-2-Rakéitendreifwierk am Science Museum
Eegenschafte vum J-2 Rakéitendreifwierk

Asaz vum J-2 änneren

Fënnef J-2-Dreifwierker goufen an der zweeter Stuf (S-II) vun der Saturn V benotzt. Jee een J-2-Dreifwierk koum an der drëtter Stuf (S-IVB) vun der Saturn V souwéi an der baugläicher zweeter Stuf (och S-IVB) vun der Saturn IB zum Asaz. A Studië fir geplangte Nova-Rakéite goufe verschidde Konfiguratioune virgeschloen, deenen hir Uewerstufen och vu J-2-Dreifwierker ugedriwwe gi wieren.

Een eenzegaartegt Charakteristikum vum J-2 war, datt et e puermol gezünnt konnt ginn. Sou gouf d'J-2-Dreifwierk vun der drëtter Stuf vun der Saturn V wärend dem Fluch zweemol benotzt ginn. Déi éischt Brennperiod huet zwouenghallef Minutt gedauert an hat dozou gedéngt, fir d'Raumschëff an d'Äerdëmlafbunn ze bréngen. Nodeem d'Crew déi korrekt Funktioun vum Raumschëff iwwerpréift hat an d'Dreifwierk nees zündfäeg war, gouf d'J-2-Dreifwierk nach eng Kéier fir 6 Minutte an 30 Sekonne gezünnt, fir d'Schëff op Moundkurs ze bréngen, vun der NASA TLI (Trans Lunar Injection) genannt.

Zum neien Zünde vum Dreifwierk war eng méi laang Paus néideg, fir eenzel Deeler ofkillen ze loossen a fir d'Turbopompelen eng ausreechend Mass un gasfërmegem Waasserstoff disponibel ze hunn, fir déi nees ze starten. D'Paus louch bei ongeféier 35 Minutte. Fir d'Neeszündbarkeet gouf vun der aktueller Technik vun der Zündung duerch hypergol Zündmedien ofgewäicht, eng Liichtbouzündung (änlech wéi bei enger Zündkärz) gouf agefouert.

Fir dat geplangte Nofollegemodell Nova vun der Saturn V gouf eng verbessert Versioun, dat J-2S, entwéckelt a getest. Dat J-2S liwwert ongeféier 10 % méi Schub a verbessert e bëssi de spezifeschen Impuls, koum awer ni zum Asaz.

Dat weiderentwéckelt J-2X änneren

 
Konzeptvirstellung vum J-2X

Dës nei Variant vum Dreifwierk sollt am Kader vum Constellation-Programm benotzt ginn, dat de Space Shuttle no senger Baussendéngschtplaz 2010 ersetze soll. D'J-2X-Dreifwierk sollt dozou a béide Versioune vun den Ares-Rakéiten als Dreifwierk fungéieren, bei der Ares I an der Uewerstuf, bei der Ares V nëmmen an der Earth Departure Stage (EDS).[1] Den Asaz vun dräi J-2X ass an der Uewerstuf vum Space Launch System projektéiert.

Entwéckelt gëtt dat neit Dreifwierk vun Whitney Rocketdyne Inc.; de Kontrakt heizou gouf am Juli 2007 ënnerzeechent. Éischt Tester mam historeschen J-2-Dreifwierk, primär zu der Gewënnung vu Vergläichsdate, goufen am NASA Stennis Space Center an der Géigend vu St. Louis gemaach. Am November 2008 bestoung d'Dreifwierk den Critical Design Review beim Marshall Space Flight Center[2] zu Huntsville, Alabama an ass esou fir de Fluch qualifizéiert. Beim éischten Testfluch vun der Ares I-X koum et net zum Asaz. Am Joer 2011 gouf um John C. Stennis Space Center mat Préifstandsleef vum neien Dreifwierk a vollstänneger Konfiguratioun ugefaangen.[3]

Technesch Daten änneren

J-2 J-2X
Mëschungsverhältnes LOX/LH2 5,0 (spéider 5,5) 5,5
Brenndauer 500 sek. 431 sek.
Widehuelungszündungen 3 mol
Total Héicht 3.380 mm 4.700 mm
Duerchmiesser 2.010 mm 3.050 mm
Dréchemass 1.400 kg
Mass/Schub-Verhältnes (Vakuum) ? kg/kN
Brennkummerdrock 3,0 MPa ? MPa
Düsenhalsduerchmiesser ? mm ? mm
Düsenendduerchmiesser ? mm ? mm
Düsenenndrock ? MPa ? MPa
Expansiounsverhältnes 27,5 80
Vakuumschub 890 kN
(spéider 1000 kN / 1030 kN)
1.310 kN
Spezifeschen Impuls (Vakuum) 421 s. 448 s.

Benotzung: Saturn IB / S-IVB, zweet Stuf – een Dreifwierk
Benotzung: Saturn V / S-II, zweet Stuf – fënnef Dreifwierker
Benotzung: Saturn V / S-IVB, drëtt Stuf – een Dreifwierk

 
Een Diagramm, dat den Dreifstofffloss duerch e J-2-Motor weist.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

  • R.E. Bilstein: Stages to Saturn. University of Florida Press, Gainesville 2003.

Um Spaweck änneren

Commons: J-2-Dreifwierk – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. nasa.gov (PDF)
  2. nasa.gov Archivéiert op 2017-07-03. Gekuckt de(n) 2018-01-03.
  3. (en) J-2X nasa.gov gekuckt den 22. September 2012