Jörg Kachelmann

Schwäizer Moderator, Auteur a Journalist

De Jörg Andreas Kachelmann, gebuer de 15. Juli 1958 zu Lörrach an Däitschland, ass e Schwäizer Moderator, Auteur a Journalist.

Jörg Kachelmann
Gebuer 15. Juli 1958
Lörrach
Nationalitéit Schwäiz, Däitschland
Educatioun Universitéit Zürich
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Journalist, Meteorolog, Saachbuchauteur

1991 huet en d'Meteomedia AG gegrënnt, eng op Meteorologie spezialiséiert Firma mat Sëtz zu Gais am Kanton Appenzell Ausserrhoden. Dës Firma huet och Wiederstatiounen zu Lëtzebuerg.

Den 20. Mäerz 2010 gouf de Kachelmann wéinst Verdacht op Vergewaltegung vu senger laangjäreger Freiesch festgeholl. Eng véier Méint drop ass en awer aus der Untersuchungshaft fräikomm an e gouf den 31. Mee 2011 vum Landgeriicht Mannheim vun alle Virwërf fräigesprach[1]. Nach wärend dem Prozess hat e sech den 9. Mäerz 2011 mat där Studentin bestuet, déi och bei senger Verhaftung bei him war[2].

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Fräisproch fir de Jörg Kachelmann, wort.lu vum 31. Mee 2011 Archivéiert de(n) 2011-06-03. Gekuckt de(n) 2011-05-31.
  2. sueddeutsche.de vum 11. Mee 2011