De Jérôme Netgen, gebuer de 7. November 1965 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Auteur (ë. a. Theater a Kuerzgeschichten) a fréiere Journalist.

Jérôme Netgen
Gebuer 7. November 1965
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist

Hien huet op der Universitéit Aix-Marseille Arts plastiques studéiert a war duerno vun 1990 bis 1994 Chargé de cours fir Konschterzéiung. Vun 1995 bis 2005 huet hie beim Tageblatt geschafft; fir d'éischt als Korrektor, dunn als Lokalredakter an an der Lescht als Verantwortleche fir d'Kultursäit.[1]

Zanterhier schafft de Jérôme Netgen mat Independent Little Lies zesummen, huet bei der Inszenéierung vun Theaterstécker matgemaach an ass Koordinator fir d'Theateropféierungen an der Kulturfabrik.

Hien ass Auteur vu bis ewell 2 Theaterstécker: Mammuthus exilis (2008, Regie Anne Simon) an Am Schiet vum Grousse Bob (2009, Regie: Eva Paulin).

Referenzen änneren

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2016-03-06. Gekuckt de(n) 2008-07-02.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren