Den Itqiy ass e Meteorit deen am Joer 1990 am Dall vum Seguia el-Hamra an der Westsahara erofgefall ass. Déi ganz Mass huet 4,72 kg a verdeelt sech op zwee Brochstécker vun 0,41 kg an 4,31 kg. Hien ass als Enstatit-Chondrit EH7-an[1] klassifizéiert a gehéiert sou zu enger extreem rarer Ënnerklass vun nëmmen 2(!) Meteoritte weltwäit.[2]

Als Enstatit-Chondrit muss den Itqiy ënner reduzéierenden, d. h. sauerstoffaarmen an héichmetamorphe Bedéngungen entstane sinn. Hien huet en héije Metallgehalt (~22 % vol.).

Trotz dëser a weideren Änlechkeete gëtt et och Diskrepanzen zu den Enstatit-Chondritten. D'Zesummesetzung an d'Textur hunn Änlechkeete mat de Lodranitten. Dat deit drop hin, datt den Itqiy vun engem anere Mammekierper wéi déi aner Enstatitte staamt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Et ass en Enstatit-Chondrit aus der EH-Grupp vum stengen Typ 7 mat anormalen Eegenschaften
  2. The Meteoritical Society