Iranesch Weltraumagentur

D'Iranesch Weltraumagentur, englesch: Iranian Space Agency, ISA ass déi national Weltraumorganisatioun vum Iran.

De President vun der Iranescher Weltraumagentur ass e Beamte vum Ministère fir Kommunikatioun an Informatiounstechnologie. D'Agentur gouf zum Zweck vun der Fuerschung um Gebitt Weltraum a Raumfaarttechnologie gegrënnt. Dat schléisst Äerdobservatioun a Kommunikatiounssatellitten an. D'Agentur erfëllt d'Ufuerderunge vum Iranesche Weltraumrot (englesch: Iran Space Council, ISC), dee fir friddlech Erfuerschung vum Weltraum an der Entwécklung vun der Raumfaarttechnologie souwéi fir d'wëssenschaftlech Fuerschung vun der ieweschter Äerdatmosphär gegrënnt gouf. De President vum Iranesche Weltraumrot ass den iranesche President, aktuell de Mahmud Ahmadinedschad.

Satellitten a Rakéiten änneren

De Sinah-1, den éischten iranesche Satellit gouf vu Russland gebaut an den 28. Oktober 2005 mat enger Kosmos-3-Rakéit gestart, an hat den Iran zum 43. Land gemaach, dat en eegene Satellit bedreift. An der Tëschenzäit huet den Iran dee selwer gebaute Satellit Omid mat enger eegener Safir-2-Drorakéit gestart.

Den Iran entwéckelt Rakéite vun der Shahab-Famill bal d'selwecht wéi Nordkorea d'Taepodong-2.

Rakéitestarten änneren

De 4. Februar 2008 huet den Iran erfollegräich déi suborbital Rakéit Kavoshgar-1 (Entdecker-1) vu senger neier Weltraumgare gestart. De Start gëllt als e grousse Schrëtt fir en éischte Satellit an eng niddreg Ëmlafbunn ze bréngen.

Den 2. Februar 2009 gouf den erfollegräiche Start vun enger Safir-2-Rakéit gemellt, déi den éischte selwer gebaute Satellit Omid an de Raum bruecht hat.

Den 3. Februar 2010 hat den Iran de Start vun der Rakéit Kawoschgar-3 bekannt ginn. U Bord war eng Experimentalkapsel mat enger Maus, enger Deckelsmouk a verschiddene Wierm.

De 15. Mäerz 2011 gouf eng Raumkapsel mat enger Rakéit vum Typ Kawoschgar-4 vum Startterrain zu Semnan gestart. Um ballistesche Fluch hat d'Rakéit eng Héicht vun 120 km erreecht.[1]

De 15. Juni 2011 huet eng Safir de 15 kg schwéieren Äerdobservatiounssatellit Rasad 1 an eng Ëmlafbunn vun 260 km Héicht bruecht.

Den 12. Oktober 2011 huet de stellvertriedende Wëssenschaftsminister Mohammad Mehdinejad-Nouri bekannt ginn, datt e Fluch mat der Rakéit Kawoschgar-5 mat engem Af u Bord net gelonge war. D'Kapsel hätt bei engem suborbitale Fluchg vun 20 Minutten eng Héicht vun 120 km erreeche sollen. Den Zäitpunkt vum Start gouf net genee uginn, nëmmen de Mount Schahriwar, dee vum 23. August bis zum 22. September dauert.

Den drëtte Start vun engem Satellit war den 3. Februar 2012. Eng Safir-Rakéit huet de 50 kg schwéiere Satellit Navid-e Elm-o Sanat an d'Äerdëmlafbunn bruecht.

Weltraumzentren änneren

D'Haaptstartplaz vun der Iranescher Weltraumagentur ass Emamshahr, vu wou d'suborbital Rakéite Shahab 3 gestart goufen. Qom ass déi zweet Startplaz. Eng weider Startplaz ass an der Provënz Semnan am Bau.

Zukunftsprojeten änneren

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Den Direkter vun der Iranescher Weltraumagentur hat am Joer 2005 erkläert, datt d'Regierung fir d'Ereeche vun hiren Ziler um Weltraumsektor an de nächste fënnef Joer eng Zomm vu 500 Milliounen Dollar investéiere géif.

Am Mee 2010 hat den iranesche Telekommunikatiounsminister Reza Taqipour bekannt ginn, datt den Iran am Ament u fënnef bis sechs Satellitte schafft, wouvun déi éischt an der éischter Hallschent vum Joer 2011 starte kéinten, gemengt war domat d'Rasad 1 mat sengem Start vum 15. Juni 2011. De Bau vu weidere Startplazen wier geplangt.

Bei enger Konferenz iwwer Weltraumtechnik hunn Offizieller vun der Universitéit Teheran den 8. Oktober 2011 bekannt ginn, datt an de nächsten dräi bis véier Méint de Satellit Navid gestart géif ginn, dee komplett am Iran entwéckelt gouf. E weidere Satellit wier am Bau, den Zafar, deen am Géigesaz zum Navid faarweg Biller mat héijer Opléisung liwwere soll. Den Zafar kéint a ronn sechs Méint gestart ginn.

Eng bemannt Weltraummissioun war fir 2024 geplangt, a soll no engem Kabinettsbeschloss schonn 2019 sinn.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Iran testet Raumkapsel. In:FliegerRevue, Mai 2011, S. 8