Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Iphiklos war an der griichescher Mythologie de Jong vum Phylakos, ee vun de berüümten Argonauten an de Mann vun der Diomedeia. Hie war och wéinst senger Schnellegkeet a senge grousse Rannerträpp bekannt.

De Melampus wollt d'Ranner fir säi Brudder Bias klauen, hie gouf awer erwëscht an an de Prisong gehäit. Nodeem dem Iphiklos säi Papp erkannt hat dat de Melampus d'Zukunft kéint viraussoen an de Melampus virausgesot hat wéi den Iphiklos kéint Nokomme kréien, huet de Melampus d'Ranner geschenkt kritt. Den Iphiklos ass duerno Papp vun zwéi Jonge ginn.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.