Intracoastal City
Intracoastal City ass eng Hafestad am Vermilion Parish am US-Bundesstaat Louisiana, 21 km südlech vun Abbeville. Si läit um Westuwänner vum Vermilion River no beim Kanal Gulf Intracoastal Waterway a gëtt vu Schëffer aus dem Golf vu Mexiko ugelaf.
Intracoastal City | |
---|---|
Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
Bundesstaat | Louisiana |
Koordinaten | 29°47'30,8"N, 92°8'48,8"W |
Den Hafe vun der Stad ass ë. a. mat Heliporten, Anlage fir d'fëschverschaffend Industrie, Pompelanlagen, Uelegtanken an Dréchendocken ekipéiert.