En Inselbierg ass an der Geomorphologie en Eenzelbierg oder eng Bierggrupp, déi sech inselaarteg an ouni Iwwergank aus enger flaacher Géigend eraushieft.

E Lateritkuuschteninselbierg bei Dori am Burkina Faso

Ënnerscheet gi Strukturinselbierger, déi d'Reschter vun enger fréierer zesummenhänkender Bierglandschaft (Zeiebierg) sinn, a Schëldinselbierger (z. B. den Zockerhutt zu Rio de Janeiro) – fräigespullt Gestengs – déi heefeg am Zesummenhank mat Spullflächen entstinn.

Vulkaner déi fräi stinn gehéieren net zu den Inselbierger.

Vegetatioun änneren

 
Microdracoides squamosus op engem Inselbierg bei Yaoundé

Wéinst Klima- a Buedembedingungen ënnerscheede sech Inselbierger däitlech vun hirer Ëmgéigend. U Waasser- oder Nierstoffmangel ugepasst Planzen, z. B. karnivor Planze wéi Sonnentau- a Waasserschlauchgewächser, oder géint Dréchenheet resistent Planze wéi beispillsweis d'Afrotrilepis pilosa fannen do hire Liewensraum. Blat- a Stammsukkulenten a Südamerika dacks Bromelien, wuessen do. Et gëtt anerersäits awer och Waasserplanzen an den temporäre Weieren.

Virkomme vun Inselbierger änneren

Inselbierger kann een och op villen Himmelskierper ufannen, z. B. um Äerdmound.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Inselbierger – Biller, Videoen oder Audiodateien