Infrabel-Linn 134
D'Linn 134 vun Infrabel ass eng 5,5 km laang Eisebunnsstreck déi Mariembourg mat Couvin verbënnt.
D'Streck gouf 1854 a Betrib geholl, gläichzäiteg mat deem Deel vun der Linn 132 dee vu Mariembourg op d'franséisch Grenz féiert, an doriwwer eraus zu Vireux-Molhain Uschloss un dat franséischt Eisebunnsnetz huet.
D'Streck gouf de 17. Oktober 1954 zougemaach, awer dunn den 3. Juni 1984 erëm a Betrib geholl. Op der Streck fueren zanter 1995 keng Gidderzich méi. Si ass eegleiseg an net elektifizéiert.
Zanter Dezember 2002 zielt se zum Projet Qualité totale, a se gëtt vun InterRegiozich mat modernem Material befuer.
Garen an Halten op der Streck
ännerenMariembourg (132) (156) | Frasnes-lez-Couvin | Couvin
Op der Streck fiert den InterRegio r, Charleroi-Sud - Mariembourg - Couvin, deen aus Autorailen aus der Serie 41 zesummegesat ass.