Influencer
En Influencer oder eng Influencerin (vum engleschen to influence „beaflossen“) ass eng Persoun, déi duerch Contenu an de soziale Medien, zum Beispill a Form vu Fotoen oder Videoen, eng Online-Presenz opbaut, andeem se déi direkt Interaktioun mam Public notzt, fir Authentizitéit, Fachwëssen oder Attraktivitéit ze etabléieren. Si hieft sech vun den traditionelle Prominenten of, an deem se hir Notorietéit eleng online opbaut.
Influencer benotzen hir staark Presenz an dacks och hiert Ausgesinn fir Produkter, Zerwisser oder e Liewensstil ze promouvéieren. Marketing mat Influencer gëtt och als Influencer-Marketing bezeechent. Zu den Aarte vun Influencer zielen Mouden-Influencer a Rees-Influencer. Si kënne mat enger bestëmmter Social-Media-App verbonne sinn, wéi zum Beispill TikTok-Influencer, Instagram-Influencer oder Pinterest-Influencer.
Zu de bekanntste Lëtzebuerger Influencer zielen ënner anerem d'Melody Funck an de Yannick Schumacher.
Um Spaweck
ännerenCommons: Influencer – Biller, Videoen oder Audiodateien |