Impasse de la Fidelité / Getrouwheids-Gang

D'Impasse de la Fidélité, op Hollännesch Getrouwheids-Gang, ass eng breet Sakgaass zu Bréissel, déi bis géint 1835 eng normal Strooss war.

Si huet déizäit Ruelle du Bouc Émissaire (Zondebokstraatje) geheescht an huet d'Rue des Bouchers mat der Rue de l'Écuyer verbonnen.

Géint 1835 huet den Alexandre Gendebien, deen deemools Member vun der provisorescher Regierung war, e puer Haiser op den Ecker mat der Rue de l'Écuyer kaaft. Hien huet déi al Haiser afrappe gelooss an duerch en neit grousst Haus, dat queesch duerch Ruelle du Bouc Émissaire gebaut gouf, ersat, an huet doduerch d'Sakgaass créeiert wéi se haut nach ass.

D'Strooss ass haut besser bekannt well do d'Statu vun der Jeanneke Pis, d'Géigestéck vum Manneken Pis steet.