D'Ikar war eng iewescht Stuf vun der Sojus-Rakéit, déi gebraucht gouf, wa bei engem Start méi Satellitten an de Weltraum bruecht goufen an op ënnerschiddlechen Ëmlafbunnen ausgesat goufen. Dofir war se sou gebaut datt se konnt bis zu fofzegmol frësch gezünnt ginn. D'Bezeechnung ass vum Ikarus ofgeleet.

Et war eng Weiderentwécklung vum Undriffsmodul vum russesche Kometa-Opklärungssatellit (russ. Янтарь) a gouf zivil benotzt fir Globalstar-Satellitten auszesetzen. Dobäi goufen am Joer 1999 bei sechs Flich 24 Globalstar-Satellitten an de Weltraum bruecht.

Wann een d'Asätz als Undriffsmodul vun de Jantar-Satellitte matrechent, koume Variante vun der Ikar-Uewerstuf méi wéi 170-mol zum Asaz.

D'Ikar gëtt net méi produzéiert a gouf, vun 2000 un, mat der neier méi leeschtungsfäeger Fregat-Uewerstuf ersat.[1]

Technik änneren

D'Haaptdreifwierk vun der Uewerstuf hat e Schub vun 2,943 kN a 16 Vernier-Steierdreifwierker a Gruppe vu véier. D'Ikar hat e Startgewiicht vun 3.160 kg an eng Eidelmass vun 820 kg. Se hat eng Längt vun 2,56 m, en Duerchmiesser vun 2,72 m an eng Brenndauer vu 600 Sekonnen. Als Dreifstoff koumen UDMH a Stéckstofftetroxid zum Asaz. D'Ikar konnt souwuel vum Kontrollzentrum aus gesteiert ginn, wéi och autonom schaffen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Soyuz User’s Manual, Issue 2 – Revision 0, March 2012 (PDF; 5,6 MB), Säit 1–4