Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Ijewsk (russ. Ижевск, udmurt. Иж) ass d'Haaptstad vun der Republik Udmurtien a Russland. Si läit um Uwänner vun der der Ij, engem Niewefloss vun der Kama, um hallwe Wee tëscht Kasan a Perm. Si huet bal 650.000 Awunner (Stand 2016), an ass vun der Waffenindustrie geprägt.

Ijewsk
Land Russland
Federatiounskrees Wolga
Status Republik
Regioun Udmurtien
Gegrënnt 1760
Awunner 620.591 (1. Januar 2023)
Fläch 316
Koordinaten 56°51'N, 53°13'O
Telefonszon 3412
Postcode 426000–426999
Websäit http://www.izh.ru/

Geschicht änneren

Net wäit ewech vun der Plaz vun der spéiderer Stad gouf Eisenäerz fonnt, dobäi koum nach datt d'Ij sech fir Waasserkraaft staue geloosss huet, sou datt 1760 eng Schmelz gebaut gouf an déi éischt Aarbechterhaiser den Uert Ijewski (Ижевский) gebilt hunn. 1807 koum op Bedreiwe vum Zar Alexander I. eng Waffefabrik derbäi (haut Ijmasch). 1918 krut den Uert d'Stadrechter a säin haitegen Numm, dräi Joer drop gouf en d'Haaptstad vun Udmurtien. Kuerzzäiteg vun 1984 bis 1987 housch d'Stad Ustinow (Устинов) zu Éiere vum verstuerwene Marschall Dmitri Ustinow.

Et verwonnert net, datt de Jewgeni Dragunow vun Ijewsk ass, an de Michail Kalaschnikow vun 1949 u bis zu sengem Doud hei gelieft huet.

Fotosalbum vun der Stad änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ijewsk – Biller, Videoen oder Audiodateien