If We Smarten Up

Film vun der Larisa Faber (2020)
(Virugeleet vu(n) If we smarten up)

If We Smarten Up (och: Dacă ne Deşteptăm) ass e Kuerzfilm vun der rumänesch-lëtzebuergescher Regisseurin Larisa Faber. E gouf fir d'éischt am Mäerz 2020 um Luxembourg City Film Festival gewisen.

If We Smarten Up
Film
Produktiounsland Rumänien,
Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2020
Première 9. Mäerz 2020
Dauer 16 min
Originalsprooch Rumänesch
Ekipp
Regie Larisa Faber
Dréibuch Larisa Faber
Fotografie Boroka Biro
Schauspiller
Coca Bloos
Oana Stefanescu
Anda Caropo
Adrian Titieni
Judith State
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Maria, eng Haushälterin, verléiert hir Aarbecht, wéi d'Wunneng, wou se gelieft a geschafft huet, verkaaft gouf. Well se net weess, wouhinner, installéiert si sech an der Biesemskummer vum Appartementshaus. D'Leit aus dem Haus fannen dat keng gutt Iddi...

Kuckt och änneren

Referenzen änneren