Institut européen d'administration des affaires
Managementschoul
(Virugeleet vu(n) INSEAD)
Den Institut européen d'administration des affaires (INSEAD) ass eng European Business School mat Campussen zu Fontainebleau, Abu Dhabi an Singapur.
Land | Frankräich |
---|---|
Uertschaft | Fontainebleau, Singapur, Abu Dhabi, San Francisco |
Gegrënnt | 1957 |
Grënner | Olivier Giscard d'Estaing |
Koordinaten | Lua-Feeler am Modul:Wd an der Zeil 1105: attempt to perform arithmetic on local 'precision' (a nil value). |
Um Spaweck | https://www.insead.edu/ |
2012 gouf den INSEAD am Ranking vun der Financial Times ënner déi 5 bescht European Business Schools gewielt[1]. Den INSEAD huet och e PhD-Programm an eng Rei vu Master-Programmen a spezifesche Managementsgebidder wéi Marketing, Finanzen oder Direction d'Entreprise. D'Programmer vum INSEAD sinn op internationalem Niveau dräifach accreditéiert; vun der AMBA, der EQUIS an der AACSB[2]. Méi wéi 50.000 fréier Studente vun der Schoul sinn an der Politik an an der Geschäftswelt-Welt aktiv, dorënner de Jean vu Lëtzebuerg an de Philippe Schaus.