ING Night Marathon Luxembourg

Marathon an der Stad Lëtzebuerg

Den ING Night Marathon Luxembourg ass e Marathon, deen zënter 2006 all Joer an der Stad Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Et ass ee vun de wéinege Marathonen, deen Owes, respektiv an der Nuecht ass, an nieft dem Iechternacher Marathon ee vun zwéi Marathonen am Land.

Plakat fir d'Editioun 2022
Den Erich François, Organisateur vum Nuetsmarathon

Bei der éischter Editioun 2006 hu ronn 6.000 Leefer matgemaach[1]. 2017 waren et der iwwer 15.000 aus 116 Natiounen an am Alter vu 4 bis 83 Joer[2].

Fir d'Stad Lëtzebuerg ass de Sportevent och e wichtege Wirtschaftsfacteur, well vill Leefer aus dem Ausland ureesen an d'Hoteller, d'Restauranten an aner Geschäfter dovu profitéieren. Den Organisateur Erich François vu step by step S.A. huet 2015 geschat, datt d'Leefer an deem Joer op d'mannst 2,6 Milliounen Euro géifen ausginn.[1]

Streck änneren

De Start ass um Kierchbierg an de Foireshalen (Luxexpo The Box). D'Streck geet iwwer de Kierchbierger Plateau, d'Rout Bréck, de Lampertsbierg an duerch de Stater Park bis an d'Uewerstad. Um Knuedler (ongeféier Kilometer 15) deelt sech d'Streck. Iwwerdeems den Hallefmarathon vun do aus iwwer d'Neipuertsgaass an d'Rout Bréck nees op de Kierchbierg leeft, geet d'Streck vum Marathon virun iwwer de Belair, Hollerech a Märel zeréck an d'Uewerstad. Vun do aus geet den Trajet iwwer d'Nei Bréck an de Garer Quartier, duerch de Péitrussdall hannescht an d'Stad a vun do aus nees op de Kierchbierg. D'Arrivée ass an der Luxexpo.

Den Depart an d'Arrivée waren uganks an der Coque, goufen awer 2010 an d'Foireshalen (Luxexpo The Box) verluecht. Zanter 2011 fält de Startschoss owes um siwen Auer. De Start deen ursprénglech um sechs Auer war, gouf absënns wéinst enger Demande vun de Geschäftsleit aus der Stad ëm eng Stonn no hanne verluecht.

Editioun 2019 änneren

Bei der 14. Editioun den 1. Juni 2019 ware ronn 16.000 Leefer fir déi verschidden Disziplinnen (Hallefmarathon, Marathon, Staffellaf, Kannercourse, ...) ageschriwwen. Am ganze waren 114 Nationalitéiten aus 38 Länner vertrueden[3].

Gewënner änneren

Marathon änneren

 
Den John Komen, Gewënner vum Marathon 2019.
 
D'Karin Schank an de Philippe Gillen, déi zwee séierst Lëtzebuerger.

Fir d'drëtt Kéier huet de Kenianer John Komen de Marathon gewonnen (2:16:05). Hannert him waren och zwéi Kenianer, de Joseph Munywoki (2:18:53) an de Philip Birech (2:20:18).

Bei den Dammen huet d'Betty Jematia Chepkwony an 2 Stonnen 38 Minutten a 55 Sekonne gewonnen, virun der Rebby Cherono Koech (2:39:29) an der Sarah Lagat (2:41:48). Och déi dräi éischt Leeferinne kommen aus dem Kenia.

Déi bescht Lëtzebuerger Leefer waren de Philippe Gillen (2:40:57, op der 8. Plaz), de Sam Neuser (2:43:57, 9. Plaz) an den Thierry Dondelinger (2:55:07, 13. Plaz). Déi séierst Lëtzebuergerinne waren d'Karin Schank (3:05:24, op der 5. Plaz), d'Diane Heuertz (3:35:33, 7. Plaz) an d'Susanne Loewen (3:41:19, 10. Plaz).

 
Déi dräi éischt Leeferinnen a Leefer vun der Marathon-Editioun 2019

Hallefmarathon änneren

Den Hallefmarathon gouf vum Justin Mahieu aus der Belsch (1:10:27) gewonnen, virun de Lëtzebuerger Christophe Kass (1:11:33) an dem Yannick Lieners (1:13:05) op der zweeter an drëtter Plaz.

Bei den Damme waren déi zwou éischt Plaze fir d'Lëtzebuergerinne Liz Nepper (1:25:20) a Jackie Mores (1:30:37) iwwerdeems déi drëtt Plaz und d'Franséisin Amélie Franc (1:31:20) goung.

Editiounen 2020 an 2021 ausgefall änneren

Nom Ausbroch vun der Otemweeërkrankheet COVID-19 an der weltwäiter COVID-19-Pandemie konnt de Marathon 2020 net ofgehale ginn[4]. Och 2021 gouf de Marathon ofgesot.[5]

Editioun 2022 änneren

 
De Gedion Kipchirchir Murrei, Zweeten…
 
an den Alaâ Hrioued, Drëtten am Marathon 2022

De séierste Marathonleefer war de Kenianer Ezekiel Kiprop Koech an enger Zäit vun 2:15:46, virum Gedion Kipchirchir Murrei (2:31:43) an dem Alaâ Hrioued (2:35:16). Gewënnerin bei de Frae war Mercy Jeptoo Tuitoek aus Kenia mat 2:43:34. Hannendru koumen d'Shauline Chepkirui Koech (2:45:12) an d'Kerry Price (2:58:29).

Déi bescht Lëtzebuerger Marathonleefer waren de Bertil Muller (6. Plaz) mat enger Zäit vun 2:43:40 an d'Shefi Xhaferaj (3:07:11) op der 4. Plaz.

De Spuenier Eric Domingo Rolden (1:12:14) an d'Lëtzebuergerin Jenny Gloden (1:20:26) hunn de Semi-Marathon fir sech entscheet.

Gewënner iwwer d'Joren änneren

Joer Gewënner bei de Männer Zäit (h:m:s) Gewënner bei de Fraen Zäit (h:m:s)
2006 Kamel Kohil (  Algerien) 2:17:28 Pascale Schmoetten (  Lëtzebuerg) 3:04:57
2007 Alex Malinga (  Uganda) 2:17:17 Ruth Kutol (  Kenia) 2:41:26
2008 Mohamed Ikoki Msandeki (  Tansania) 2:15:29 Rose Jepkemboi (  Kenia) 2:43:21
2009 John Ngeno (  Kenia) 2:19:17 Irene Cherop (  Kenia) 2:43:08
2010 Stanley Rono (  Kenia) 2:19:13 Gishu Mindaye (  Ethiopien) 2:39:56
2011 Teferi Bacha (  Ethiopien) 2:15:42 Nguriatukei Rael Kiyara (  Kenia) 2:34:28
2012 Bellor Yator (  Kenia) 2:13:45 Mahlet Melese (  Ethiopien) 2:45:56
2013 Bellor Yator (  Kenia) 2:17:51 Shewaye Debelu (  Ethiopien) 2:43:33
2014 Johnstone Maiyo (  Kenia) 2:15:44 Meseret Godana (  Ethiopien) 2:38:56
2015 John Komen (  Kenia) 2:13:55 Naomi Tuei (  Kenia) 2:34:23
2016 John Komen (  Kenia) 2:12:57 Belaynesh Shifera (  Kenia) 2:42:34
2017 Edwin Kiptoo (  Kenia) 2:16:55 Tsehay Gebre (  Kenia) 2:46:08
2018 Mark Kibiwot Kangogo (  Kenia) 2:12:10 Lakelesh Feysa Dera (  Ethiopien) 2:51:33
2019 John Komen (  Kenia) 2:16:05 Betty Chepkwony (  Kenia) 2:38:55
2020 ausgefall
2021 ausgefall
2022 Ezekiel Kiprop Koech (  Kenia) 2:15:46 Mercy Jeptoo Tuitoek (  Kenia) 2:43:31

Websäit änneren

Commons: ING Night Marathon Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 wort.lu: Goldgrube Marathon (15. Juli 2015)
  2. L'essentiel: Alles ist bereit für den ING Night Marathon 2017 (16. Mee 2017)
  3. Engagement de taille pour la Ville op vdl.lu, gekuckt den 2. Juni 2019
  4. ING Nuetsmarathon a COSL Spillfest annuléiert op rtl.lu de 24. Mäerz 2020
  5. ING Nuetsmarathon och dëst Joer nees ofgesot op rtl.lu den 23. Abreëll 2021