D'IIHF-Weltranglëscht ass déi offiziell Weltranglëscht am Äishockey a gëtt vum Weltverband IIHF gefouert. Si gouf am September 2003 fir d'éischt Kéier verëffentlecht an erméiglecht et, a reegelméissegen Ofstänn d'Stäerkt vun den international aktiven Nationalekippen ze bestëmmen an ze vergläichen.

Am Ranking ginn nëmme Matcher aus de leschten fënnef Joer berécksiichtegt, fir e besseren Iwwerbléck iwwer déi aktuell Stäerkt ze garantéieren. D'Ranglëscht gëtt eemol oder zweemol pro Joer aktualiséiert.

Aktuell Ranglëscht vun den Hären änneren

An der aktueller Ranglëscht (Stand: Mee 2018) steet Kanada un der Spëtzt. Op de Plazen zwee an dräi komme Schweden a Russland.

Lëtzebuerg war 2003 fir d'éischt op der 42. Plaz, déi bescht Positioun, op där se jee waren. Si ass zurzäit och op der 42. Plaz mat 790 Punkten.

Plaz Land Punkten
1. CAN  Kanada 3990
2. SWE  Schweden 3945
3. RUS  Russland 3930
4. USA  USA 3765
5. FIN  Finnland 3765
6. CZE  Tschechesch Republik 3690
7. CHE  Schwäiz 3590
8. DEU  Däitschland 3575
9. NOR  Norwegen 3270
10. SVK  Slowakei 3245
...
42. LUX  Lëtzebuerg 790
...
50.* KWT  Kuwait 140

Notten:

  • * – déi lescht Plaz

Aktuell Ranglëscht vun den Dammen änneren

Hei gëllt eng aner Punkteberechnung (Stand: 30. Abrëll 2018).

Plaz Land Punkten
1.   USA 4200
2.   Kanada 4060
3.   Finnland 3910
4.   Russland 3830
5.   Schwäiz 3655
6.   Schweden 3615
7.   Japan 3555
8.   Däitschland 3475
9.   Tschechesch Republik 3470
10.   Frankräich 3225
...
38.*   Belsch 930

Notten:

  • * – déi lescht Plaz

Um Spaweck änneren