Hubble Heritage Project

Den Hubble Heritage Project gouf 1998 vun engem Astronomenteam gegrënnt mam Zil aus de graffe Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop, Fotoe mat héijem wëssenschaftlechen a kënschtlereschem Wäert ze maachen.

A reegelméissegen Ofstänn publizéiert de Projet Fotoe vu Planéiten, Stären, eenzele Galaxien a Galaxiëgruppen. Den Erfolleg vum Projet ass virun allem op d'Zesummenaarbecht vun Experte vu verschiddene wëssenschaftlechen Disziplinne wéi Astronomie, Computer- a Bildbeaarbechtung zeréckzeféieren.

Ziler a Methoden änneren

 
D'Sombrerogalaxie

D'Astronomen an d'Bildbeaarbechtungsspezialiste sichen d'Grondlage fir hir Biller aus dem ëffentlechen Datenarchiv vum Hubble-Weltraumteleskop eraus. Well déi graff Biller an der Reegel fir wëssenschaftlech Zwecker opgeholl goufen, si se dacks fir eng Publikatioun ze vill ënnerbeliicht. D'Team versicht dann, aus de verschiddenen Archivbiller en héichwäertegt Bild ze produzéieren. D'Bild vun der Sombrero-Galaxie gouf beispillsweis aus sechs Eenzelbiller zesummegesat.

Dem Hubble Heritage Project gouf och eng gewëssen Observatiounszäit mam Hubble Space Teleskop zur Dispositioun gestallt, am Fall wou Bildopname verbessert musse ginn.

De Projet gouf schonn dacks fir d'Hierstellung vun exzellenten astronomesche Biller ausgezeechent. D'Astronomical Society of the Pacific huet dem Projet am Joer 2003 de Klumpke-Roberts Präis fir exzellent Artikele fir d'allgemengt Versteesdemech a fir d'Unerkennung vun der Astronomie iwwerreecht.

En Ettlech Biller vum Projet goufen op amerikaneschen a britteschen Timberen ofgebilt.

Um Spaweck änneren