Huangguoshu-Waasserfall

De Huangguoshu-Waasserfall ass mat enger Héicht vu 74 Meter an enger Breet vun 81 Meter dee gréisste chineesesche Waasserfall. En ass an der chineesescher Provënz Guizhou ze fannen, 45 Kilometer südwestlech vun der Stad Anshun.

Hanner dem Waasserrido ass eng Hiel, déi e beléift Ausfluchzil ass.

De Huangguoshu-Waasserfall ass ee vun enger ganzer Rei vu Waasserfäll vum Floss Baishui, deen en Niewefloss vum Wujiang ass.

Galerie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Huangguoshu Waterfall – Biller, Videoen oder Audiodateien