Den Hopkins Observatoire ass en astronomeschen Observatoire, deen am Besëtz vum Williams College zu Williamstown, Massachusetts (USA) ass. Den Albert Hopkins hat den Observatoire am Joer 1838 gebaut, an de College behaapt, datt et den eelsten, neizäitlechen Observatoire an Amerika ass.

Den Hopkins Observatoire

Den Albert Hopkins war an England gereest, fir astronomesch Instrumenter unzeschafen. Seng Studenten hunn den Observatoire an de Joren 1836-1838 gebaut. Den Observatoire huet an de Joren 1908 an 1961 d'Plaz gewiesselt an ass haut e Planetarium. D'Gebai vun haut huet ëmmer nach d'Instrumenter vun deemools. Den zweeten Direkter vum Museum, den Truman Henry Safford, war e Wonnerkand a Mathematik.

Am Joer 1852 hat d'Firma vum Alvan Clark vu Cambridge e 7" Lënserefrakter fir den Observatoire gebaut.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren