Den Honorio Siccardi, gebuer den 13. September 1897 zu Buenos Aires, a gestuerwen den 10. September 1963 zu Lomas de Zamora, war een argentinesche Komponist.

Honorio Siccardi
Gebuer 13. September 1897
Buenos Aires
Gestuerwen 10. September 1963
Nationalitéit Argentinien
Aktivitéit Komponist, Musikolog

Hien huet zu Buenos Aires beim Felipe Boero an Ernesto Drangosch Piano a beim Arturo Berutti a Gilardo Gilardi Harmonieléier studéiert. 1918 goung en an Italien, fir seng Ausbildung um Conservatoire vu Parma weider ze maachen. Do war hien ee Schüler vum Gian Francesco Malipiero.

En huet dräi Opere komponéiert, zwéi Balleten, eng Sinfonie, zwou Argentinesch Suitten, ee Geien- an ee Pianosconcert, e puer Chouerwierker a Lidder. Donieft huet en och musekwëssenschaftlech Wierker erausginn.