Homs (op Arabesch: حمص‎‎ Ḥimṣ), fréier Emesa genannt (op Griichesch:Ἔμεσα Emesa), ass eng Stad am Weste vu Syrien. Si läit 501 m iwwer dem Mieresspigel um Floss Orontes an 162 km nërdlech vun Damaskus. Homs mécht de Lien tëscht de Stied un der syrescher Küst an de Stied am Banneland.

Homs
Biller vun Homs virum Krich
Land Syrien
Vewaltungseenheet Gouvernorat vun Homs
Awunner 775.404
  2017
Fläch 48
Héicht 501
Koordinaten 34° 43’ 51’’ N
      36° 42’ 34’’ O
Telefonszon 031
Websäit aktuell keng

Virum syresche Biergerkrich war Homs e wichtegen Industriezentrum, a mat iwwer 650.000 Awunner (2004) no Aleppo am Norden an der Haaptstad Damaskus am Süden déi drëttgréisst Stad a Syrien. D'Bevëlkerung huet déi allgemeng reliéis Diversitéit a Syrien reflektéiert, mat Sunitten, Alawiten a Chrëschten. Et gëtt eng Rei historesch Moscheeën a Kierchen an der Stad a si läit no beim Schlass Krak des Chevaliers, engem Weltkulturierwen.

Homs gëtt eréischt am 1. Joerhonnert, zur Zäit vun de Seleukide, fir d'éischt ernimmt. Spéider ass se d'Haaptstad vun engem Kinnekräich ënnert der Emesani-Dynastie ginn, déi der Stad hiren Numm ginn hunn. Ursprénglech en Zentrum fir d'Veréierung vum Sonnegott Elagabal huet Homs spéider ënner de Byzantiner am Chrëschtentum u Bedeitung gewonnen. Homs gouf am 7. Joerhonnert vun de Moslemen eruewert, déi se zur Haaptstad vun engem Distrikt mam selwechten Numm gemaach hunn. Wärend der islamistescher Period hu mosleemesch Dynastien, déi ëm d'Kontroll vu Syrien gekämpft hunn, probéiert, Homs wéinst senger strategescher Positioun ze kontrolléieren. Ënner dem Osmanesche Räich huet Homs u Bedeitung verluer an eréischt am 19. Joerhonnert huet d'Stad hir wirtschaftlech Bedeitung erëmfonnt mat enger rasanter Entwécklung vun der Kottengsindustrie. Zur Zäit vum franséische Mandat ass aus Homs en Zentrum fir den Opstand géint d'Fransouse ginn an no der Onofhängegkeet 1946 en Zentrum vum Widderstand vun der Baath-Partei géint déi éischt syresch Regierungen.

Am syresche Biergerkrich ass Homs eng Festung vun der Oppositioun ginn. Dowéinst huet d'syresch Regierung am Mee 2011 e militäreschen Ugrëff op d'Stad lancéiert. D'Belagerung, déi duerno komm ass a bis Mee 2014 gedauert huet, huet d'Stad gréisstendeels zerstéiert an Dausenden Doudeger hannerlooss.[1] De Krich an der Stad ass 2015 zu Enn gaange, wéi d'Rebellen d'Stad verlooss hunn an d'Stad erëm an ënner Kontroll vun der Regierung gefall ass.

Virum Krich gouf d'Bevëlkerung vun Homs op ronn 800.000 bis 900.000 Awunner geschat.

Biller änneren


Commons: Homs – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Daily Mail (online): The wasteland: Horrifying aerial pictures show full scale of destruction of Syrian city of Homs (29. Juli 2013)