Home Lucien-Wercollier

(Virugeleet vu(n) Home Wercollier)

Den Home Lucien-Wercollier, meeschtens einfach Home Wercollier genannt, ass de Chalet vun der Scoutsgrupp Däreldéieren vun der Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg (FNEL) um Briddel.

Den Home Wercollier um Briddel an der rue du tilleul.
Lénks e Reservoir mat Streesalz vun der Gemeng.
Dee fréieren Home Wercollier, an der Paul-Binsfeld-Strooss (vun 1976 bis 2011 a Betrib).

De Chalet steet um Lieu-dit um Grënnchen, um Rand vum Bësch, an der rue du tilleul[1] um Briddel. De Chalet gouf am September 2011 ageweit.

En ass nom Lucien Wercollier (1908-2002) genannt, dee mam Verkaf vun enger vu senge Skulpturen deen éischte Chalet, an der Paul-Binsfeld-Strooss, finanzéiert hat.

D'Däreldéieren, déi 1976 gegrënnt goufen, hu ronn 70 aktiv Memberen (Stand 2011).

Historique änneren

1976, nach am Joer vun hirer Grënnung, hunn d'Däreldéieren hiren éischte Chalet, dee ganz aus Holz war, am Bësch ënnen an der Rue Paul-Binsfeld gebaut. Finanzéiert gouf d'Konstruktioun mam Verkaf vun enger Skulptur vum Lucien Wercollier, eng Skulptur déi de Kënschtler, deen um Briddel gewunnt huet, fir deen Zweck zur Verfügung gestallt hat. De Chalet krut dowéinst den Numm Home Wercollier.

Wéi dëse Chalet veraalt war, gouf e puer honnert Meter méi wäit, um Lieu-dit um Grënnchen, deen haitege Chalet, deen och Home Wercollier genannt gouf, gebaut. D'Gemeng Koplescht huet den Terrain zur Verfügung gestallt an de Bau mat 450.000 Euro finanzéiert.

D'Schëld mam Numm vum Chalet gouf vum 'ale' Chalet aus der Binsfeld-Strooss eriwwergholl. Deen neie Chalet gouf de 25. September 2011 offiziell ageweit.

Quell änneren

(c.k.), 2011. Neues Home mit Leben füllen. "Brideler Daereldéieren" (FNEL) weihten neues Scoutschalet ein. Luxemburger Wort vum 28. Juli 2011, S. 30.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. D'Rue du tilleul huet hiren Numm vun der bemierkenswäerter Lann déi méi erof an der Strooss steet.