Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Holmenkollschanz ass eng vun de bekanntste Schischanzen. Si steet zu Holmenkollen an Norwegen, um Bord vun der Haaptstad Oslo.

D'Schischanz Holmenkollen
D'Schanz vun uewen

Schonn 1866 gouf zu Christiania (Oslo) d'Schisprange praktizéiert a Kompetitiounen an där Disziplinn ofgehalen. Well do awer keng Schnéisécherheet garantéiert war, sinn d'Kompetitiounen op den Hiwwel Holmenkollen deen nobäi läit, verluecht ginn. Dat éischt Schisprange war do 1892 virun 10.000 Nokuckerten. Zanterhier trefft sech déi international Schielite all Joer zu Holmenkollen, wou Plaz ass fir 50.000 Persounen. D'Weltmeeschterschafte vun 1930, 1952, 1966 an 1982 an d'olympesch Wanterspiller vun 1952 goufen do ofgehalen. Zu Holmenkollen kann een och e Schimusée besichen.
Am Summer ginn um Fouss vun der Schanz op enger Bün am Waasser och Festspiller a Summerconcerten ofgehalen.

Um Spaweck

änneren
Commons: Holmenkollschanz – Biller, Videoen oder Audiodateien