Regioun Holland

(Virugeleet vu(n) Holland (Regioun))
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Regioun Holland. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl Holland (Homonymie)

D'Regioun Holland ass en Deel vum Land Holland, mat deem se sech op Lëtzebuergesch dee selwechten Numm deelt.

Geschicht änneren

D'Gebitt vun der Provënz Holland, dat sech iwwer d'Provënzen Nordholland a Südholland erstreckt, war e Bestanddeel vum réimesche Räich, du vum Frankeräich a spéiderhi vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun (Burgund). Vu 1581 un huet Holland zu der Republik Zeven Verenigde Nederlanden gehéiert. Wärend der napoleonescher Zäit gouf et e Kinnekräich Holland (1806-1810), wat déi bekannt Grenze vum haitege Land Holland hat. Fir d'Dominanz vum Gebitt Holland kleng ze halen, gouf et 1840 an zwou Provënze gedeelt: Nordholland a Südholland.

Den Numm Holland gouf ëm 866 als Holtland (Holzland respektiv Bëschland) benotzt. Deemools war d'Géigend ëm Haarlem gemengt. Méiglecherweis ass et awer och op d'Gëttin Hludana zeréckzeféieren, déi am westgermanesche Raum veréiert gouf an an a Schrëfte vun de Géigenden Nimwegen, Friesland a Xanten och ernimmt gouf.

Geographie änneren

D'Regioun Holland grenzt am Westen un d'Nordmier an am Osten un d'IJsselmeer. Déi nërdlech Grenz läit bäi Den Helder a bei der Insel Texel. Déi südlech Grenz läit am Delta vu Rhäin, Maas a Schelde. Déi gréisst Stied sinn Den Haag, Rotterdam an Amsterdam.

Am Westen, um Nordmier, sinn och Dünen ze fannen, awer soss ass d'Land flaach. D'Regioun Holland läit deelweis souguer ënner dem Mieresspigel.

Um Spaweck änneren

Commons: Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien