Hochsauerlandkrees

(Virugeleet vu(n) Hochsauerlandkreis)


Den Hochsauerlandkrees ass e Krees am Südoste vun Nordrhein-Westfalen an Däitschland.

Hochsauerlandkrees
Land Däitschland
Bundesland Nordrhein-Westfalen
Regierungsbezierk Arnsberg
Verwaltungssëtz Meschede
Fläch 1958.78
Awunner 268.851 (2010)

E grenzt am Westen un de Märkesche Krees, am Norden un d'Kreesser Soest a Paderborn, am Nordosten un de Krees Höxter, am Osten un den hessesche Landkrees Waldeck-Frankenberg an am Süden un d'Kreesser Siegen-Wittgenstein an Olpe. De Krees gëtt vun der Ruhr an der Lenne duerchfloss, déi allebéid bei Winterberg hir Quell hunn.

Stied a Gemengen änneren

De Krees gliddert sech an zwielef Gemengen, vun deenen der ganzer zéng de Status vun enger Stad hunn.

(Awunnerzuele vum 31. Dezember 2017)

Stied

  1. Arnsberg (73.814)
  2. Brilon (25.501)
  3. Hallenberg (4.485)
  4. Marsberg (19.740)
  5. Medebach (7.976)
  6. Meschede (30.086)
  7. Olsberg (14.634)
  8. Schmallenberg (24.965)
  9. Sundern (Sauerland) (27.871)
  10. Winterberg (12.756)

Gemengen

  1. Bestwig (10.878)
  2. Eslohe (Sauerland) (8.885)
 

Um Spaweck änneren