Ho-Chi-Minh-Stad

(Virugeleet vu(n) Ho Chi Minh City)
Dëse Geographiesartikel iwwer Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ho-Chi-Minh-Stad, op Vietnameesesch: Thành phố Hồ Chí Minh, ass déi ekonomesch wichtegst Stad am Vietnam a mat 7.132.940 Awunner (Stand 1. August 2009) och déi gréisst Stad am Land.

Stroossenzeenen zu Ho-Chi-Minh-Stad

D'Stad ass 1976, no der Vereenegung vum Nord- a Südvietnam, nom fréiere President vum Nordvietnam, dem Ho Chi Minh benannt ginn. Virdrun huet se Saigon geheescht a war d'Haaptstad vum Südvietnam.

De Fluchhafe Tan Son Nhat läit 6 km vum Zentrum ewech.

Um Spaweck änneren

Commons: Ho-Chi-Minh-Stad – Biller, Videoen oder Audiodateien