Den Himiko ass e groussen astronomeschen Objet op enger Distanz vun 12,9 Milliarde Liichtjoer, a gouf am Joer 2007 op Hawaii vum Masami Ouchi mat dem Subaru-Teleskop entdeckt. Den Himiko gouf als e Lyman-Alpha-Emitter identifizéiert. Hie gëtt Lyman-α-Linn Stralung of. E gouf no der legendärer japanescher Herrscherin mam selwechten Numm genannt. D'Entdeckung gouf 2009 an der Zäitschrëft „The Astrophysical Journal“ publizéiert.

Mat dem Spitzer-Weltraumteleskop, dem United Kingdom Infrared Telescope a weideren Instrumenter gouf d'Stärgenesiscote an d'Mass vun der Galaxis bestëmmt.

Den Himiko soll anscheinend schonn existéiert hunn, wéi den Universum eréischt 800 Millioune Joer al war. Hien ass ee vun deene Objeten, déi am wäitste vun eis ewech sinn. En ass mat enger Ausdeenung vu 55.000 Liichtjoer ongeféier hallef sou grouss wéi eis Mëllechstrooss.

Beschreiwung änneren

Den Himiko steet am Stärebild Cetus (Walfësch). Fotoe vum Objet weise keng detailléiert Strukturen, wat zu der Charakteriséierung als blob („Klecks“) féiert. De Spektrum weist eng däitlech Lyman-α-Linn, déi duerch ioniséierte Waasserstoffgas entsteet, souwéi Kontinuumsemissioune vu Stären.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren