D'Highlands (oder Schottescht Héichland) sinn eng Géigend am Nordweste vu Schottland. Si besteet aus Streecher mat Bierger, Munros genannt, ma och a wäiten Deeler aus Moueren ouni Beem.

Highlands
Land Vereenegt Kinnekräich
Koordinaten 57° 07’ 12’’ N
      04° 42’ 36’’ W
Dimensiounen

Lag änneren

D'Highlands gi vun den Central Lowlands duerch d'Highland Boundary Fault däitlech ofgegrenzt, déi südwestlech-nordëstlech vun Ardmore um Firth of Clyde duerch de südleche Loch Lomond bis Stonehaven beim Nordmier leeft. Déi administrativ Unitéit Highland (Council Area) ass just en Deel vun de geografeschen Highlands.

D'Highlands gi vun engem tektonesche Gruef, de Great Glen (glen ass op Gälesch en Dall) an d'Northwest Highlands an d'Grampian Mountains gedeelt. Am Great Glen sinn en ettlech Séien, ë. a. de Loch Ness. Den héchste Bierg vun de britteschen Inselen, de Ben Nevis (1345 m), ass an de Grampian Mountains.

D'Highlands sinn notamment fir hir Whisky-Produktioun welwäit bekannt.

Literatur änneren

  • Martin Rackwitz: Travels to Terra Incognita. The Scottish Highlands and Hebrides in Early Modern Travellers' Accounts c. 1600 to 1800, 3 Bänn. Waxmann Verlag, Münster 2007. ISBN 978-3-8309-1699-4.

Um Spaweck änneren

Commons: Scottish Highlands – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Pad bei de Ben Nevis.