En Hiemchen, ënnescht Hiemchen oder Kleedchen ass e Gezei dat meescht zu der Ënnerwäsch gezielt gëtt. Ufanks ass et ënner deenen anere Kleeder gedroe ginn (zum Beispill ënner dem Hiem), mä mat der Evolutioun vun der Moud si bestëmmt Variatiounen entstanen, déi och sou ugedoe ginn. D'Kleedche gëtt generell vu Männer gedroen a bedeckt den Uewerkierper. En Hiemchen huet keng Äerm.

E Mann mat engem wäissen Hiemchen

Eng Aart Hiemche fir Fraen ass den Top.

D'Hiemche gëtt geleeëntlech och Marcel genannt. Dee Begrëff kënnt aus Frankräich, wou d'Gezei an den 1860er fir d'éischt vun de Forts des Halles, den Aarbechter an de Paräisser Maarthalen, ugedoe gouf. De Marcel Eisenberg, Chef vun der Kleederfabréck Établissements Marcel zu Roanne huet dovun héieren an et masseweis produzéiert. Zënterhier ass et ënner sengem Virnumm bekannt.[1],[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kleedchen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. ARTE: L'objet: le marcel(5. September 2010)
  2. Le Monde: Un peu d'histoire... le marcel (11. Abrëll 2014)