Henri Cornet
franséische Vëlossportler
Den Henri Jardy, genannt Henri Cornet, gebuer de 4. August 1884 zu Desvres, a gestuerwen den 18. Mäerz 1941 zu Prunay-le-Gillon, war e franséische Vëlossportler an Tour de Francegewënner.
Biographie
ännerenDen Henri Cornet ass bis elo nach ëmmer de jéngste Vainqueur vun engem Tour de France. Mat 20 Joer krut hien den Tour vun 1904 virum gréngen Dësch den 2. Dezember 1904 zougesprach. Hie war op der fënnefter Plaz an duerch d'Deklassement vun de véier Éischten ass hien dunn N° 1 ginn.
De Rescht vu senger Karriär war net sou dichteg, hien huet zwar nach 1906 Paris-Roubaix gewonnen, no enger zweeter Plaz 1905. De Cornet war och zweeten am Bordeaux-Paris 1905.
Palmarès
änneren- 1904: Tour de France 1904 (plus 1. an der drëtter Etapp)
- 1906: Paris-Roubaix
Resultater am Tour de France
änneren- Tour de France 1904: 1 am Generalklassement + 1 Etapp
- Tour de France 1905: Opginn an der 4. Etapp
- Tour de France 1906: Forfait um Depart
- Tour de France 1907: Opginn an der 4. Etapp
- Tour de France 1908: 8. am Generalklassement
- Tour de France 1909: Opginn an der 4. Etapp
- Tour de France 1910: 16. am Generalklassement
- Tour de France 1911: 12. am Generalklassement
- Tour de France 1912: 28. am Generalklassement