Henri Cirelli

lëtzebuergesche Foussballspiller

Den Henri ("Heini") Cirelli, gebuer den 23. Dezember 1934 zu Diddeleng an och do gestuerwen de 25. September 2021[1],[2], war e lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.[3]

Henri Cirelli
Gebuer 23. Dezember 1934
Diddeleng
Gestuerwen 25. September 2021
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller

Hien huet tëscht dem 30. September 1956 am 17. Februar 1965 a 37 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 6 Goler geschoss.[4]

Hien huet vun 1956 bis 1962 fir d'Alliance Diddeleng gespillt. An der Saison 1962/1963 war hie beim belsche Club Royal Beerschot AC.[5] D'Joer drop huet hien nees fir d'Alliance Diddeleng gespillt.

No senger Zäit als aktive Spiller huet den Henri Cirelli als Trainer Statioun bei dëse Veräiner gemaach: US Diddeleng, Avenir Beggen, SC Téiteng, Swift Hesper , F.C. Jeunesse Hautcharage a schliisslech beim F91 Diddeleng.[6]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Henri Cirelli im Alter von 86 Jahren gestorben." wort.lu, 26.09.2021.
  2. "Den Trainer Henri "Heini" Cirelli ass gestuerwen." rtl.lu, 26.09.2021.
  3. Den Henri Cirelli op der Websäit vun der Football Database.eu
  4. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Henri Cirelli op der Websäit vun European Football
  5. Den Henri Cirelli op der Säit vum Footballclubb Beerschot
  6. Portrait vum Henri Cirelli op der Websäit profoot.lu