Den Henning Mankell, gebuer den 3. Februar 1948 zu Stockholm a gestuerwen de 5. Oktober 2015 zu Göteborg, war e schweedesche Schrëftsteller an Theaterregisseur, dee virun allem fir seng Krimië mam Kommissar Kurt Wallander bekannt gouf.

Henning Mankell
Gebuertsnumm Henning Georg Mankell
Gebuer 3. Februar 1948
Stockholm
Gestuerwen 5. Oktober 2015
Göteborg
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Schrëftsteller, Dramatiker, Kannerbuchauteur, Krimischreiwer, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Mënscherechtler
Famill
Bestuet mat Eva Bergman

Hien huet Schauspill studéiert an 1968 säin éischt Stéck geschriwwen, an och dat éischt als Regisseur opgefuouert. An den 1970er Joren huet hien an Norwegen gewunnt a geschafft; an där Zäit huet hien och ugefaangen, Prosa ze schreiwen. 1972 ass hien an Afrika gereest, wat hien, wéi och säi Wierk dono, staark markéiert huet. 1973 koum mat Bergsprängaren säin éischte Roman eraus, deen, wéi och déi zwéin an de Joren dono, e gesellschaftskriteschen Hannergronn hat.

An den 1980er Joren huet den Henning Mankell als Theaterregisseur an Intendant ë. a zu Skellefteå an zu Växjö geschafft. Hien ass weiderhin dacks an Afrika gereest, sou datt Maputo, am Mosambik, eng Zort zweet Heemecht fir hie gouf. Do huet hien an där Zäit och ugefaangen, eng Theatertrupp opzebauen. 1996 gouf hien Direkter vum Teatro Avenida zu Maputo. E puer vu senge Bicher spillen a Mosambik.

Manner bekannt ass, datt de Mankell och eng ganz Rëtsch Kanner- a Jugendbicher geschriwwen huet. Politesch a gesellschaftlech Sujeten hunn a senge Bicher ëmmer eng wichteg Roll gespillt, wéi dat z. B. am Kriminalroman Kinesen (de.: Der Chinese) de Fall ass. Och privat huet hie sech notamment géint déi portugisesch Kolonialpolitk, d'Apartheid an d'Besetzungspolitk vun Israel engagéiert. 1991 koum mat Mördare utan ansikte (de.: Mörder ohne Gesicht säin éischte Krimi mam Kommissar Kurt Wallander eraus, engem éischter granzegen, mä grueden an autentesche Polizist. Dëse, wéi och spéider Bicher aus där Serie, haten international e grousse Succès.

Wierker (mam Titel vun der däitscher Iwwersetzung) änneren

D'Wallander-Romaner änneren

Publikaztiounsjoer Originaltitel däitschen Titel Iwwersetzung vum Originaltitel Wallander-Band ISBN vun der däitscher Editioun
Schweden Däitschland
1991 1993 Mördare utan ansikte Mörder ohne Gesicht Mäerder ouni Gesiicht Band 1 ISBN 3-423-20232-7
1992 1993 Hundarna i Riga Hunde von Riga D'Hënn vu Riga Band 2 ISBN 3-423-20294-7
1993 1995 Den vita lejoninnan Die weiße Löwin Déu wäiss Léiwin Band 3 ISBN 3-423-20150-9
1994 2001 Mannen som log Der Mann, der lächelte De Mann, dee glaacht huet Band 4 ISBN 3-423-20590-3
1995 1999 Villospår Die falsche Fährte Falsch Pist Band 5 ISBN 3-423-20420-6
1996 1998 Den femte kvinnan Die fünfte Frau Déi fënneft Fra Band 6 ISBN 3-423-20366-8
1997 2000 Steget efter Mittsommermord E Schrack hannendrun Band 7 ISBN 3-423-20520-2
1998 2001 Brandvägg Die Brandmauer Brandmauer Band 8 ISBN 3-423-20661-6
1999 2002 Pyramiden Wallanders erster Fall und andere Erzählungen D'Pyramid Band 9 ISBN 3-423-20700-0
(1999) 2004 (Fotografens död) Der Tod des Fotografen Den Doud vum Fotograf aus dem Band 9 ISBN 3-423-25254-5
2002 2003 Innan frosten Vor dem Frost Virum Frascht Band 1
Linda Wallander
ISBN 3-423-20831-7
2013 2013 Handen Mord im Herbst *) D'Hand Band 10 ISBN 978-3-552-05642-8
2009 2010 Den orolige mannen Der Feind im Schatten Den onrouege Mann Band 11 ISBN 978-3-552-05496-7

*) fir d'éischt 2004 an Holland erauskomm

soss Romaner änneren

Publikatiounsjoer Originaltitel däitschen Titel ISBN vun der dâitscher Editioun
Schweden Däitschland
1973 1998 Bergsprängaren    
1974   Sandmålaren    
1977   Vettvillingen    
1979   Fångvårdskolonin som försvann    
1980   Dödsbrickan    
1981   En seglares död    
1982 2009 Daisy Sisters Daisy Sisters ISBN 978-3-552-05399-1
1983   Apelsinträdet    
1983   Älskade syster    
1984 1997 Sagan om Isidor    
1990 2004 Leopardens öga Das Auge des Leoparden ISBN 3-423-13424-0
1992 2000 Katten som älskade regn Ein Kater schwarz wie die Nacht] ISBN 3-7891-4224-7
1995 2000 Comédia infantil Der Chronist der Winde ISBN 3-423-12964-6
1995 1997 Eldens hemlighet Das Geheimnis des Feuers ISBN 3-7891-4211-5
1998 2007 Berättelse på tidens strand Die flüsternden Seelen ISBN 3-552-05335-2
1999   I sand och i lera    
2000   Labyrinten    
2000 2002 Danslärarens återkomst Die Rückkehr des Tanzlehrers ISBN 3-423-20750-7
2000 2001 Vindens son Die rote Antilope ISBN 3-423-13075-X
2001 2001 Eldens gåta Das Rätsel des Feuers ISBN 3-7891-4231-X
2001 2003 Tea-Bag Tea-Bag ISBN 3-423-13326-0
2003 2004 Jag dör, men minnet lever Ich sterbe, aber die Erinnerung lebt ISBN 3-423-13479-8
2004 2005 Djup Tiefe ISBN 3-423-20978-X
2005 Butterfly Blues ISBN 3-423-13290-6
2005 2006 Kennedys hjärna Kennedys Hirn ISBN 3-552-05347-6
2006 2007 Italienska skor Die italienischen Schuhe ISBN 3-552-05415-4
2007 2008 Eldens Vrede Der Zorn des Feuers ISBN 978-3-7891-4278-9
2008 2008 Kinesen Der Chinese ISBN 978-3-552-05436-3
2011 2012 Minnet av en smutsig ängel Erinnerung an einen schmutzigen Engel ISBN 978-3-552-05579-7

Theaterstécker (an däitscher Iwwersetzung) änneren

  • Butterfly Blues
  • Zeit im Dunkeln
  • Antilopen
  • Der gewissenlose Mörder Hasse Karlsson enthüllt die entsetzliche Wahrheit, wie die Frau über der Eisenbahnbrücke zu Tode gekommen ist
  • Der Chronist der Winde
  • The Doors, mam Theater Avenido vu Maputo] 2011

Kannerbicher änneren

  • Katten som älskade regn, 1992 (de: Ein Kater schwarz wie die Nacht, 2000).
  • Hunden som sprang mot en stjärna, 1990 de.: Der Hund, der unterwegs zu einem Stern war, 1992 (Joel Band 1)
  • de.: Die Schatten wachsen in der Dämmerung, 1994 (Joel Band 2)
  • de.: Der Junge, der im Schnee schlief, 1998 (Joel Band 3)
  • de.: Die Reise ans Ende der Welt, 1998 (Joel Band 4)

Literatur änneren

  • Rainer Sens: Dem Kommissar auf der Spur. Stein, Welver, 2003. ISBN 978-3-89392-532-2
  • Henning Heske: Die Globalisierung des Verbrechens. Über die Kriminalromane von Henning Mankell. In: ders. (Hg.): Fausts Phiole. Über Poesie und Wissenschaft. Bernstein, Bonn, 2006. ISBN 3-9809762-3-8
  • Kevin Keijo Kutani: Der Kriminalroman als Medium für (allgemeine) Gesellschaftskritik: Am Beispiel des schwedischen Autors Henning Mankell.Diplomica Verlag, Hamburg, 2014. ISBN 978-3842895263.
  • Kirsten Jacobsen: Mankell über Mankell. Kurt Wallander und der Zustand der Welt. Zsolnay, Wien 2013, ISBN 978-3-552-05640-4 (Biografie)

Um Spaweck änneren

Commons: Henning Mankell – Biller, Videoen oder Audiodateien