D'Heliographie (Konschtwuert, aus griich., Hélios = Sonn, gráphō = zeechnen/ beschreiwen), ass déi vum Joseph Nicéphore Niépce entwéckelt Method, déi als éischt an der Geschicht vun der Fotografie dauerhaft Biller maache konnt.

Verglach tëscht der Originalradéierung (lénks) an dem Joseph Nicéphore Niépce senger Heliographie vun 1826 (riets). Et handelt sech ëm e Portrait vum Kardinol Georges d'Amboise, 1650
„Bléck aus der Fënster“, déi eelst erhale Fotografie, opgeholl 1826 vum Joseph Nicéphore Niépce; (Sammlung Gernsheim, Univ. of Texas, Austin)

De Niépces hat seng Experimenter schonn 1811 ugefaangen. Eng éischt liichtbestänneg heliographesch Kopie vun engem graphesche Blat huet hien 1822 fabrizéiert. D'Experiment vun 1826 gëllt als eigentlech Gebuertsstonn vun der Fotografie, well et dem Niépce fir d'éischt gelongen ass, mat der Kamera dauerhaft fotografesch Biller ze maachen. De Niépce huet vun 1829 u mam Jacques Louis Daguerre zesummegeschafft. Als offiziellt Gebuertsjoer vun der Fotografie gëllt 1839 mat der ëffentlecher Presentatioun vum Daguerreotyp.

Technik vun der Heliographie änneren

De Niépce krut 1826 mat enger Camera obscura an enger mat Godrong beschichter, 21×16 cm grousser poléierter Zënnplak e Bléck aus der Fënster vu sengem Aarbechtszëmmer festgehalen. D'Beliichtungszäit louch bei zirka aacht Stonnen. Ënner Liichtawierkung gouf de Godrong haart, soudatt bei der uschléissender „Entwécklung“ mat Lavendelueleg a Pëtrol nëmmen déi méi schwaach beliicht Godrongsdeeler erausgeléist goufen. Sou war d'Bild zugläich „fixéiert“ a liichtbestänneg. Dat eigentlecht Zil vum Niépce war, déi Plack dann z'ätze fir dovu gedréckt Ofzich ze kréien, wat him allerdéngs nëmme vu Kontaktkopien vu Stréchvirlagen (Kofferstéch, Radéierungen) gelongen ass. Hien huet och Lithographiesteng, Glasplacken, Zënn-, Zénk-, Koffer- a versëlwert Placke gebraucht. Bei spéideren Experimenter huet hien déi entwéckelt Placke mat Jod bedämpt fir d'Schieddeeler ze schwäerzen, huet dann déi lescht Godrongsschicht mat Alkohol opgeléist a krut sou kontrasträich Direktpositiver. D'Heliographie koum zwar zu Liefzäite vum Niépce net zum allgemenge Gebrauch, gouf awer spéider vu sengem Neveu Claude Félix Abel Niépce de Saint-Victor weiderentwéckelt. Him ass et 1855 gelongen, mat Hëllef vum Kofferstiecher Lemaître d'Heliographien z'ätzen an dovun Dréck ze maachen, wat de Grondsteen fir déi spéider Heliogravur-Method geluecht huet.

Weider fréier fotografesch Methoden änneren

Umierkung: heliographesch Koordinate sinn e Begrëff aus der Astronomie.

Literatur änneren

  • Wolfgang Autenrieth: Techniken der Radierung und der Edeldruckverfahren – Vom „Hexenmehl und Drachenblut“ zur Fotopolymerschicht – Tipps, Tricks, Rezepte und Anleitungen. Ein Werkstattbuch. Krauchenwies 2006, ISBN 3-00-016757-9. (Daraus 100 Seiten als Online-Ausgabe, Link zur Sitemap)
  • Ernst Lietze: Modern heliographic processes: A manual of instruction in the art of reproducing drawings, engravings, manuscripts, etc., by the action of light: for the use of engineers, architects etc.. New York 1888 (Reprint: Rochester, N.Y. 1974).
  • Gernsheim Helmut: Geschichte der Photographie. Propyläen-Verlag, 1980.
  • Baier Wolfgang: Geschichte der Fotografie. Verlag Schirmer/Mosel, 1980.
  • Eder J.M.: Geschichte der Photographie. Verlag W. Knapp, 1932.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie