Heinrich Aemilius August Danz
Den Heinrich Aemilius August Danz, gebuer den 11. Dezember 1806 zu Jena, a gestuerwen de 17. Mee 1881 och do, war en däitsche Jurist.
Heinrich Aemilius August Danz | |
---|---|
Gebuer |
11. Dezember 1806 Jena |
Gestuerwen |
17. Mee 1881 Jena |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Jurist, Universitéitsprofesser |
Hie war de Bouf vum Theolog Johann Traugott Leberecht Danz (geb. 1769, gest. 1851), an huet 1831 ugefaangen op der Uni zu Jena ze schaffen. Do gouf hien 1834 ‘’außerordentlicher’’ an 1843 ‘’ordentlicher Professor der Rechte und Oberappellationsgerichtsrat’’.
Wierker
änneren- Lehrbuch der Geschichte des römischen Rechts (Leipzig 1840, 2 Tle.; 2. Aufl. 1871-1873); *Der sakrale Schutz im römischen Rechtsverkehr (Jena 1857);
- Die Wirkung der Kodifikationsformen auf das materielle Recht (Leipzig 1861);
- Aus Rom und Byzanz (Weimar 1867).