Den Heinkel He 70 Blitz ass e Schnellverkéiersfliger, dee vum Siegfried Günter entworf gouf an zanter 1932 vun den Ernst Heinkel Fligerfabriken zu Rostock am Optrag vun der Lufthansa gebaut gouf. E war eng zäitlang de séierste Verkéiersfliger op der Welt (Spëtzevitesse 362 km/h), wat him den Numm Blitz abruecht huet. En ass fir d'éischt den 1. Dezember 1932 geflunn, knapps 5 Méint nodeem en entworf gouf.

Heinkel He 70

Geschicht änneren

D'He 70 ass aus aus der Fuerderung vun der Lufthansa no méi engem séiere Fligertyp entstanen, dee méi séier sollt si wéi den US-amerikanesche Lockheed Vega, dee bei der Swissair fir kuerz Strecken a Betrib war.

Dës Maschinn war e Meilesteen an der Aviatioun, si war duerch hir aerodynamesch Konstruktioun hirer Zäit e Stéck viraus. Et war och den éischten europäesche Fliger respektiv den éischte Verkéiersfliger op der Welt dee säi Fuerwierk konnt eranzéien. D'He 70 huet aacht Rekorder opgestallt.

Am Fliger konnte 5 Passagéier matfléien, an de Fliger hat just ee Pilot.

Mat dëser Maschinn huet d'Lufthansa de Flug-Blitzdienst agefouert, dee Berlin mat Frankfurt um Main, Hamburg a Köln verbonnen huet, an och d'Route Köln/Hamburg.

E puer Exemplare goufen exportiert (Ungarn-18 Maschinnen, Spuenien, England). Eng Maschinn gouf vun der englescher Firma Rolls Royce kaaft fir hir staark Motoren ze testen.

Nieft der ziviller Ausféierung goufen och militäresch Versiounen entwéckelt.

Um Spaweck änneren

Commons: Heinkel He 70 – Biller, Videoen oder Audiodateien