Hausen (Moundkrater)

Moundkrater

De Krater Hausen ass e groussen Aschlagkrater op der viischter Moundsäit. De Krater läit um süd-südwestleche Rand vun der Vollmoundscheif. Dofir hänkt seng Siichtbarkeet staark vun der Libratioun of, och nach bei gënschtege Bedéngunge, kann e vun der Äerd aus, nëmme vun der Säit gesi ginn.

Hausen
De Krater Hausen (Foto: LRO)
Koordinaten 65°6'36"S, 88°29'24"W
Duerchmiesser 163 km
Déift 6.020 m
Selenographesch Längt 95° bei Sonnenopgank
Genannt no Christian August Hausen
Genannt am Joer 1961
Moundvéiereck LQ30

Den Hausen-Krater läit um westleche Rand vum Krater Bailly. Am Nordoste läit de Krater Pingré, nërdlech schléisst sech de Krater Arrhenius un. Säin Alter gëtt op 3.6 Milliarde Joer geschat.

De Kraterrand ass bal kreesronn mat enger Bëlz a südsüdëstlecher Richtung. Hien ass nëmmen e bëssi erodéiert an net vun anere Krateren iwwerdeckt, et gëtt nëmmen ee klenge Krater laanscht de südwestleche Rand. De bannenzege Kraterrand fällt am Norden an am Süden terrassenaarteg of an ass am Osten a Weste méi onreegelméisseg.

Den Zentrum vum Krater Hausen ass am grousse Ganze flaach mat e puer raue Plazen. Et gëtt eng komplex Héichpunktformatioun, déi e bëssi ëstlech vun der Kratermëtt läit. Déi Formatioun leeft an nordsüdlecher Richtung a besteet aus en ettleche Biergrécker, déi vun Däller getrennt sinn. Doru schléisst sech südëstlech ee méi niddrege Biergzuch un a südlech eng Usammlung vun Hiwwelen.

De Krater gouf am Joer 1961 vun der I.A.U. nom däitschen Astronom Christian August Hausen (1693–1743) genannt.

Literatur änneren

  • Peter Grego: The Moon And How To Observe It. An Advanced Handbook for Students of the Moon in the 21st Century. Springer-Verlag London, Goldaming 2005, ISBN 1-85233-748-6.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren