Harper Lee
D'Harper Lee, fir richteg Nelle Lee, gebuer den 28. Abrëll 1926 zu Monroeville, am Alabama, an och do den 19. Februar 2016 gestuerwen, war eng US-amerikanesch Schrëftstellerin a Pulitzer-Präisdréierin.
Harper Lee | |
---|---|
Gebuer |
28. Abrëll 1926 Monroeville |
Gestuerwen |
19. Februar 2016 Monroeville |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Universitéit vun Alabama, Huntingdon College, University of Alabama School of Law |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Romancier, Museker, Dréibuchauteur, Juristesche Schrëftsteller, Prosaist, Schauspiller |
Member vun | American Academy of Arts and Letters |
Famill | |
Papp | Amasa Coleman Lee |
Si ass bekannt fir hiert laang eenzegt Buch To Kill a Mockingbird, dat sech eng 40 Millioune Mol verkaaft huet. Et ass dëst d'Geschicht vun engem Affekot an de Südstaaten, dee sech fir e Faarwegen agesat huet, datt dee viru Geriicht zu sengem Recht kéim. Et koum 1960 eraus a gouf dat Joer drop vum Robert Mulligan mam Gregory Peck an der Haaptroll verfilmt. 2015, 55 Joer dono, huet si hiren zweete Roman Go Set a Watchman erausbruecht, deen s'awer schonn zu der Zäit vum Mockingbird geschriwwen hat.
Si huet och Zeitungsartikelen an Essaye publizéiert.
Literatur
änneren- Mark Childress: Looking for Harper Lee. In: Southern Living. Ausgabe Mai 1997, S. 148–150.
- Charles J. Shields: Mockingbird – A Portrait of Harper Lee. Holt, New York 2006, ISBN 0-8050-7919-X.
- Alexandra Lavizzari: Glanz und Schatten. Truman Capote und Harper Lee – eine Freundschaft. Edition Ebersbach, Berlin 2009, ISBN 978-3-938740-90-3.
- Marja Mills: The mockingbird next door: life with Harper Lee. Penguin Press, New York 2014, ISBN 978-1-594-20519-4.
Um Spaweck
ännerenCommons: Harper Lee – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Thomas Mallon: Big Bird. A biography of the novelist Harper Lee. In: New Yorker. 29. Mee 2006