Den Harnleiter oder Ureter (op Latäin) ass ee vun zwéin identeschen Harnweeër am Kierper vun de Mamendéieren a vun de meeschte Fësch. D'Harnleitere verbannen déi zwou Niere mat der Harnblos. Si sinn net ze verwiessele mat der Harnröre oder Urethra, déi den Urin aus dem Kierper eraus transportéiert.

Schema vun den Harnweeër beim Mënsch mat den Harnleiteren (Nr. 4), déi d'Nieren (Nr. 2) mat der Blos (Nr. 5) verbannen.

Bei e puer Zorte Fësch, bei den Amphibien, de Reptiller an de Vulle verbanne se d'Niere mat der Kloak.

D'Harnleiteren transportéieren den Urin (Harn) net kontinuéierlech vum Nierebecken an d'Blos. E gëtt duerch wellefërmeg Beweegungen vun der Muskulatur an den Harnleiteren transportéiert. Déi periodesch Kontraktioune fänken um Nierebecken un a lafen dann ongeféier all 20 bis 25 Sekonnen of. Den Ureter ass also kee passiven, oppenen "Offlossrouer", mee hëlt den Urin a klenge Portiounen duerch d'Relaxéiere vu senger Wandmuskulatur op. Duerch d'Kontraktioun, déi da geschitt, gëtt den Urin a Richtung Blos befërdert, deemno wéi och géint d'Schwéierkraaft.[1]

Beim erwuessene Mënsch sinn d'Harnleiteren ongeféier 25 bis 30 Zentimeter laang an hunn en Duerchschnëtt vu 4 Millimeter. Si sinn aus dräi Schichten opgebaut: enger Schläimhaut (Tunica mucosa), enger Muskelschicht aus glater Muskulatur (Tunica muscularis) an enger baussenzeger Schicht aus Bindegeweebe (Tunica adventitia).[2]

An den Niere kënne sech heiansdo kleng Sténg bilden, déi dann am Harnleiter hänke bleiwen a staark Péng verursaache kënnen.[3]

Kuckt och

änneren
Commons: Ureteren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. schwabe.at: Harnleiter (gekuckt de 5. November 2024)
  2. DocCheck Flexikon: Ureter (gekuckt de 5. November 2024)
  3. DocCheck Flexikon: Ureterstein (gekuckt de 5. November 2024)