Harmonie Moutfort-Medingen

D'Harmonie Moutfort-Medingen a.s.b.l. ass eng Blosmusek an Harmonie-Besetzung an der Gemeng Conter. Bis am Joer 2004 huet si Fanfare Moutfort-Medingen geheescht an huet an enger ofgewandelter Fanfare-Besetzung gespillt.

Harmonie Moutfort-Medingen
Gesellschaftsform A.s.b.l.
Grënnungsjoer 1903
President Jos Thoma (zanter 2010)
Dirigent Olivier Gravier (1992-1998; zanter 2014)
Groussen Orchester Harmonie Mutfert-Medingen (HMM),
zanter 2004, +/- 50 Musikanten;
Fanfare Moutfort-Medingen (FMM),
1903-2004
Jugendorchester Mutferter Musikanner (MM),
zanter 1995, +/- 40 Musikanten
Supporterclub Les Amis de l'Harmonie, zanter 1989,
Presidentin: Jacqueline Thill
Daachverband Union Grand-Duc Adolphe (UGDA)
Aktivitéiten Gala (Januar), ShowTime (Mee),
Kids in Concert (November)
Musekscoursen Éveil Musical, Solfège,
Flütt, Hautboit, Klarinett, Saxophon,
Trompett, Cor, Trombonn, Euphonium,
Percussioun, Drumset,
Chargé de cours en chef: J-L Blasius
Siège social Musekhaus
11A, rue de Moutfort
L-5355 Éiter
Websäit www.hmm.lu

D'Harmonie Moutfort-Medingen organiséiert d'Musekscoursen an der Gemeng Conter. Nieft dem groussen Harmonie-Orchester bedreift se och e Jugendorchester, d'Mutferter Musikanner.

D'Harmonie ass Member vun der Union Grand-Duc Adolphe.

D'Geschicht vun der Harmonie Mutfert-Méideng änneren

Ëm 1900 gouf et schonn éischt Iddie fir eng Museksgesellschaft ze grënnen. Verschidden Ulafschwieregkeeten hunn awer d'Grënnung vun der «Fanfare Moutfort-Medingen» an d'Längt gezunn.

Et muss am Fréijoer 1903 gewiescht si wéi et endlech zur Grënnungsversammlung koum an e Fändel ugeschaaft gouf.

Mëtt der 1990er Jore gouf de Jugendorchester «Mutferter Musikanner» an d'Liewe geruff fir d'Jugend fir d'Musek ze begeeschteren. Den éischte Concert vun deem Ensembel war am Mee 1997.

2004, wéi d'Festlechkeete vum Centenaire vun der Museksgesellschaft ofgeschloss goufen, ass aus der Fanfare d'«Harmonie Moutfort-Medingen» ginn an en neie Fändel gouf virgestallt.

Zur Zäit besteet de Veräin aus iwwer 100 aktive Musikantinnen a Musikanten, déi an zwéi verschiddenen Orchestere spillen.

2010, ass d'Harmonie Moutfort-Medingen, nodeem se jorelaang hire Proufsall zu Mutfert hat, op Éiter geplënnert.

Presidenten änneren

  • François Urhausen (1903-1908)
  • Joseph Mousel (1908-1911)
  • Joseph Reuter (1911-1914)
  • Victor Bos (1914-1923)
  • Charles Clemens (1923-1947)
  • Jos Wiltgen (1947-1951)
  • Jean Franzen (1951-1967)
  • Roger Diederich (1967-1979)
  • Alphonse Schmitt (1979-1988)
  • Alphonse Hoffmann (1988-2005)
  • Paul Sunnen (2005-2009)
  • Jos Thoma (2009-2016)
  • Carlo Boulanger (2016-2018)
  • Manou Majerus (zanter 2018)

Éierepresidenten änneren

Zu Éierepresidente gi fréier Presidente vun der Harmonie ernannt, déi laang Jore President waren an dofir eng besonnesch Auszeechnung verdéngt hunn. D'Éierepresidente gehéieren net zum Comité, mä däerfen deen awer, laut Statuten, beroden. Déi aktuell Éierepresidente sinn d'Hären Alphonse Schmitt an Alphonse Hoffmann.

Dirigenten änneren

  • Trausch (1903-?)
  • Boeres (?-1914)
  • Martin Thill (1914-1917)
  • Jacques Thill (1917-1923)
  • Ackermann a Kreins (1924-1928)
  • Emile Wolf (1928-1932)
  • Kirchen (1932-1933)
  • Jean Flammang (1933-1936)
  • Paul Pierrard (1936-1938)
  • Nicky Kirsch (1938-1939)
  • Léon Scheidt (1940-1942)
  • Jules Strasser (1945-1953)
  • Fernand Heinen (1953-1971)
  • Roland Hensgen (1971-1976)
  • Arthur Schoentgen (1976-1990)
  • Jean-Marie Grimmler (1990-1992)
  • Olivier Gravier (1992-1998; zanter 2014)
  • Nico Eich (1998-2005)
  • Jon Artetxe Bilbao (2005-2006)
  • Jean-Jacques Bley (2006-2014)
  • Olivier Gravier (2014-2018)
  • David Daubenfeld (zanter 2018)

Fändeldréier änneren

Déi éischt Fändeldréier vun der Harmonie waren d'Hären Nicolas Greischer, Pierre Fisch, Jean-Pierre Paquet a Pierre Leytem. Duerno koume follgend Fändeldréier:

  • Nicolas Lorent (1920-1952)
  • Joseph Franzen (1952-1970)
  • Armand Reuter (zanter 1970)

Concoursen änneren

D'Harmonie huet dacks bei Concourse matgemaach an huet fir d'éischt an der 3. Divisioun gespillt. Zanter 1967 ass den Orchester an der 2., an zanter 1983 an der 1. Divisioun zougelooss. Am Joer 1995 huet d'Harmonie zu Waasserbëlleg bei engem Concours an der Division supérieure matgemaach a krut ee Premier prix avec grande distinction. 2007 huet den Orchester zu Esch-Uelzecht bei engem Concours mat Degré B (div. sup.) gespillt an e 1er prix européen kritt.

D'Harmonie haut änneren

(Stand: Februar 2014)

Comité änneren

De Comité, den op der Generalversammlung an Februar 2019 zum Deel nei gewielt gouf, ass follgenden:

  • President: Manou Majerus
  • Vizepresidentin: Gillian Rennel-Rosseljong
  • Sekretär: Claude Stiefer
  • Tresorier: Ewald Roell
  • Memberen: Liane Jung-Lentz, Elise Toulotte, Nico Zimmer

Den groussen Harmonie-Orchester änneren

An de groussen Orchester kommen d'Musikanten nodeem s'e puer Joer an de Mutferter Musikanner gespillt hunn, normalerweis da wa s'am Gaange sinn sech op hir 3. Mentioun virzebereeden. De groussen Orchester, an deem haut ongeféier 30 Leit ënner der Direktioun vum David Daubenfeldr spillen, nennt sech Harmonie Moutfort-Medingen. Bis 2004 huet den Orchester Fanfare Moutfort-Medingen geheescht. Zanter dem 100. Anniversaire vum Veräi gëtt awer méi Wäert op Holzinstrumenter, besonnesch Klarinetten, geluecht, an ausserdeem ass de Veräin ëmmer méi grouss ginn, dofir gouf beschloss en an Harmonie ëmzedeefen.

Mutferter Musikanner änneren

D'Mutferter Musikanner ass de Jugendorchester vun der Harmonie Moutfort-Medingen.

D'Mutferter Musikanner goufen am Joer 1995 vum Olivier Gravier-Schreiber an d'Liewe geruff. Duerno stoung den Orchester ënner der Leedung vun den Dirigenten Nico Eich, Jon Arteche Bilbao, Jean-Jacques Bley, Olivier Gravier an zanter 2015 ënnert der Leedung vun der Madam Véronique Feilen.

D'Mutferter Musikanner bestinn aus ongeféier 20 aktive Musikanten.

Les Amis de l'Harmonie änneren

De Supporterclub vun der Harmonie ass 1989 gegrënnt ginn. Seng Aktivitéite bestinn dora fir d'Harmonie organisatoresch a finanziell z'ënnerstëtzen.

D'Amis de l'Harmonie betinn als Veräin, onofhängeg vun der Harmonie, an hunn och e Comité deen aus follgende Leit besteet:

  • President a Sekretär: /
  • Vizepresidenten: Gisèle Leytem, Claude Stiefer
  • Tresorier: Jean-Paul Meyers
  • Memberen: Christiane Muller, Annette Schleider, René Schneider

Museksschoul änneren

Zanter 2010 organiséieren d'Museksschoule vun de Gemenge Conter, Nidderaanwen, Sandweiler a Schëtter d'Musekscoursen an dëse Gemengen zesummen. D'Tarifer vun de Course sinn doropshi geklommen a leien elo tëscht 75€ a 700€ pro Cours.

Chargé de la direction: Jean-Luc Blasius

De Jean-Luc Blasius ass als Chargé des cours en chef de Responsable vun der Museksschoul a Chef vun alle Chargé-de-coursen.

Chargé de cours änneren

Éveil musical (Initiation à la musique): Edgar Becker

Dëse Cours ass fir Kanner vu 5 Joer (2. Joer Spillschoul / Zyklus 1.2) respektiv 6 Joer (1. Schouljoer / Zyklus 2.1) geduecht.

Solfège:

  • Josy Godart (Preparatoire, 2., 4. an 5. Joer)
  • Jonathan Kaell (1. Joer)
  • Xavier Griso (3. Joer, dëse Cours gëtt zu Schëtter gehalen)
Vu 7 Joer un (2. Schouljoer / Zyklus 2.2) hunn d'Kanner d'Méiglechkeet mam Solfège unzefänken. Selbstverständlech kann een och als Erwuessene jiddwerzäit dës Course besichen:

Instrumentecoursen:

  • Flûtes: Laurence Warzee, Carole Raus
  • Clarinettes Si♭ & Basse: Annie André-Margue, Aline Schiltz
  • Saxophones Alto: Jean-Claude Devigne, Rainier Radelet
  • Trompettes: Mariette Simon-Clemens, Romana Schuh
  • Cors: François Schammo
  • Trombones: Malou Barthel
  • Barytons, Euphoniums: Yves Schumacher
  • Percussion: Christian Meissner, Paul Altmann
  • Drumset: Jeff Herr (dest Joer keng Anschreiwung)

Theaterequipe änneren

Si hu bis 2006 eemol am Joer en Theaterstéck opgeféiert.

Bliedchen änneren

D'Bliedche[sic] vun der Mutferter Musek gëtt et zanter 1993, dem Joer an deem d'Mutferter Musek hiren 90ten Anniversaire gefeiert huet.

D'Zil vum Bliedchen ass et, de Veräin den Awunner aus der Gemeng an den Nopeschdierfer méi no ze bréngen.

 
D'Musekhaus zu Éiter, de Proufsall vun der Harmonie.

De Proufsall änneren

Vun 1951 bis 2010 hat d'Harmonie hire Proufsall zu Mutfert an der aler Schoul, nieft der fréierer Primärschoul. Op der Generalversammlung 2005 krut d'Musek e Projet vun engem neie Proufsall mat Museksschoul virgestallt. Dat Gebai hätt sollen zu Mutfert nieft dem Centre Culturel gebaut ginn. Aus finanzielle Grënn gouf dee Projet awer verworf. Doropshi gouf d'Schoul zu Éiter, déi fir hir urspünglech Zwecker net méi benotzt gouf, renovéiert. Zanter 2010 ass elo do der Harmonie hire Proufsall, deen de 14. Mee 2011, a Presenz vun der Kulturministesch Octavie Modert, offiziell ageweit gouf.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Harmonie Moutfort-Medingen – Biller, Videoen oder Audiodateien