Harmandir Sahib

indeschen Sikh Tempel zu Amritsar am Punjab

Den Tempel Harmandir Sahib oder Hari Mandir (Punjabi: ਹਰਿਮੰਦਰ ਸਾਹਿਬ) ass dat wichtegst Hellegtum vun de Sikhs an dofir eng wichteg Pilgerplaz. Bis 2005 gouf en och de Gëllenen Tempel genannt. E steet zu Amritsar, am indeschen Bundesstaat Punjab.

Harmandir Sahib
E Sikh-Pilger beim Harmandir Sahib

Am Ufank war do, wou den Tempel steet, e klenge Séi, ronderëm deen e Bësch war. De Séi gouf vergréissert, an eng kleng Siidlung huet sech ënner dem 4. Sikh-Guru Ram Das (1574-1581) do installéiert. Den Tempel gouf ënner der Leedung vum fënnefte Guru Arjan (1581-1606) gebaut.

Haut ass ronderëm den Tempel de klenge Sarovarséi. Den Tempel huet véier Entréeën, déi d'Wichtegkeet vun der Oppenheet symboliséieren. Den Tempel ass op fir Mënsche vun all Relioun.

E groussen Deel vun der vergëllenter Dekoratioun ass vum Ufank vum 19. Joerhonnert.

Um Spaweck änneren

Commons: Harmandir Sahib – Biller, Videoen oder Audiodateien