Hans Schiebelhuth
Den Hans Schiebelhuth, gebuer den 11. Oktober 1895 zu Darmstadt, a gestuerwen den 14. Januar 1944 zu East Hampton an den USA, war en expressionisteschen däitsche Schrëftsteller an Dichter.
Hans Schiebelhuth | |
---|---|
Gebuer |
11. Oktober 1895 Darmstadt |
Gestuerwen | 14. Januar 1944 |
Nationalitéit | Däitscht Räich |
Aktivitéit | Iwwersetzer, Schrëftsteller |
Hie war e perséinleche Frënd vum Carl Zuckmayer an hat och Verbindungen zum Krees ëm den Dichter Stefan George.
An Däitschland war den Hans Schiebelhuth besonnesch bekannt wéinst sengen Thomas Wolfe- Iwwersetzungen.
1947 krut hie posthum de Georg-Büchner-Präis vum Joer 1945.
Seng Wierker
änneren- Schalmei vom Schelmenried. Drei Gedichtzyklen, 1994, 94 S.
- Wegstern
Editiounen
änneren- Kritesch Wierkeditioun: Werke I/II Gedichte - Prosa - Briefe, erausgi vum Manfred Schlösser, 2 Bänn, 800 Säiten, Agora Verlag
De Fritz Usinger, selwer Büchnerpräisdréier vum Joer 1946, huet iwwer de Gedichtband "Wegstern" gesot: "Vum 'Wegstern' däerf ee wuel soen, datt et eent vun de schéinsten a räifste Gedichtbicher vun der Period vum Expressionismus ass".