En Handfeierläscher ass e Feierläscher, deem säi Bruttogewiicht net iwwer zwanzeg kg läit. Zwielef kg dovu sinn d'Läschmëttel selwer.

D'Gebrauchsanweisung vum Apparat muss um Gehais bestänneg ubruecht sinn, d'Beschreiwung selwer muss einfach ausgedréckt a liicht ze verstoe sinn.

Den Opluedfeierläscher änneren

Opluedfeierläscher bestinn aus engem Läschmëttelbehälter an engem Dreifgasbehälter, an deem meeschtens Kuelendioxid ass. An deem Fall kann den Dreifgasbehälter am Gehais vum Läscher sinn oder eenzel op der Säit ubruecht, wat bei méi grousse Modeller dacks de Fall ass.
Wann den Apparat aktivéiert gëtt, andeems d'Ventil vum Dreifgas opgemaach gëtt, fléisst den Dreifgas an de Läschmëttelbehälter, deen do mat "opgeluede" gëtt. Opluedläscher droen de Buschtaf "H".

Den Dauerdrockfeierläscher änneren

Bei den Dauerdrockfeierläscher ass d'Läschmëttel an den Dreifgas Stéckstoff zesummen an engem Behälter. Déi Apparate si mat engem "L" gezeechent.

De Gasfeierläscher änneren

Gasfeierläscher bestinn aus engem Behälter mam Läschmëttel, dat gläichzäiteg Läschmëttel an Dreifgas ass. Déi Apparate si mat engem "K", wéi Kuelendioxid, gezeechent.