Hammbier

Planzenaart aus der Gattung Rubus
(Virugeleet vu(n) Hambier)

Hammbier (Rubus idaeus) ass den Numm vun enger Fruucht an dem Trausch, op deem se wiisst. Et ass eng Planzenaart vun der Gattung Rubus aus der Ënnergattung Idaeobatus.

Hammbier
Rubus idaeus
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Ënnerklass Rosidae
Uerdnung Rosales
Famill Rosaceae
Gattung Rubus
Wëssenschaftlechen Numm
Rubus idaeus
L.

D'Hammbier kënnt wëll a bal ganz Europa vir, wou se meeschtens laanscht dem Bord vu Bëscher wiisst. Zanter der Antiquitéit ass se als Heelplanz bekannt, an zanter dem Mëttelalter gëtt se och a Gäert geziicht, am Ufank besonnesch a Kléischter.

Den Hammbiertrausch gëtt bis zu zwéi Meter grouss, op de Rudde sëtzen dënn Stachelen.

Tëscht Mee an August wuesse vun den eenzele Schëtz aus Kludderen (de: "Rispen") vu wäisse Bléien All Bléi huet jee 5 Kielech- a Krounblieder an iwwer 20 Stëbs- a Fruuchtblieder. De Buedem vun der Bléi ass staark no bausse gewëlleft.

D'Friichten, déi meeschtens rout sinn (et gëtt och giel a schwaarz Zuuchtformen) sinn, anescht wéi den Numm et mengen deet, botanesch gesinn keng Bieren, mä Sammelsteenfriichten, déi sech aus den eenzele Fruuchtblieder bilden. Anescht wéi d'Schwaarzbier sëtzt d'Fruucht labber um Fruuchtbuedem a ka liicht gepléckt ginn.

Hammbier hunn en héije Vitaminnegehalt a kënne réi giess ginn, zu Sirup, Kompott, Coulis oder Gebeess verkacht oder als Belag an der Pâtisserie gebraucht ginn. Och an Drëppen oder Béiere ka se bäigesat gi fir de Goût.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rubus idaeus – Biller, Videoen oder Audiodateien