Hallefslawesch Verdeedegung

Schacherëffnung
Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Hallefslawesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner de Schlësselen D43 bis D49 klassifizéiert.

Hallefslawesch Verdeedegung
abcdefgh
8
a8 black rook
b8 black knight
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
f8 black bishop
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
c6 black pawn
e6 black pawn
f6 black knight
d5 black pawn
c4 white pawn
d4 white pawn
c3 white knight
f3 white knight
a2 white pawn
b2 white pawn
e2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Zich 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6
ECO D43-D49
Benannt no Slawen
Entsteet aus Dammegambit

D'Hallefslawesch Verdeedegung fänkt mat de follgenden Zich un:

1. d4 d5
2. c4 e6
3. Sc3 Sf6
4. Sf3 c6

Alternativ se och iwwer 1. d4 d5 2. c4 c6 3. Sf3 Sf6 4. Sc3 e6 oder 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 c6 4. Sf3 Sf6 an eng ganz Rei aner Zuchreiefollegen entstoen.

Varianten änneren

An der Ausgangsstellung drot Schwaarz mat 5.... dxc4 nieft 6.... b5 e Bauer ze gewannen, well den typeschen Zuch 6. a4 (fir 6.... b5 ze verhënneren) mat 6.... Lb4! 7. e3 b5! 8. axb5 cxb5 beäntwert ka ginn an de Sprénger kann net op b5 schloen, well en duerch de Leefer gefesselt ass. Wäiss huet zwee Haaptapprochen:

  1. 5. e3 deckt de Bauer op c4.
  2. 5. Lg5 entwéckelt de Leefer ausserhalb vun der Bauereketten ier den c-Bauer duerch 6. e3 gedeckt gëtt. Wa schwaarz allerdéngs 5.... dxc4 spillt, ka Wäiss mat 6. e4 en ideaalt Zentrum opbauen.

5. e3 änneren

  • 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6 5. e3

Mat sengem fënneften Zuch, deckt Wäiss de Bauer op c4.

Meran-Variant änneren

  • 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6 5. e3 Sbd7 6. Ld3 dxc4 7. Lxc4 b5

Anti-Meran-Varianten änneren

  • 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6 5. e3 Sbd7 ouni 6. Ld3
Schirow-Shabalov-Gambit änneren
  • 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6 5. e3 Sbd7 6. Dc2 Ld6 7. g4

Anti-Meran-Gambit änneren

  • 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6 5. Lg5

D'Anti-Meran-Gambit entsteet no 5. Lg5. Wäiss refuséiert fir säi schwaarzfeldrege Leefer mat 5. e3 anzespären an entwéckelt en amplaz op en aktiivt Feld, wou en de schwaarze Sprénger fesselt. Lo huet Schwaarz d'Méiglechkeet mat 5.... Sbd7 6. e3 Da5 an d'Cambridge-Springs-Verdeedegung oder mat 6.... Le7 an d'Orthodox Verdeedegung iwwerzegoen. Déi onofhängeg an och populäerste Variante sinn:

5.... dxc4 (Botwinnik-Variant)
5.... h6 (Moskauer-Variant)

Botwinnik-Variant änneren

  • 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6 5. Lg5 dxc4

Mat 5.... dxc4 gewënnt Schwaarz e Bauer. Allerdéngs gëtt hien doduerch d'Kontroll iwwer d'Feld e4 op a Wäiss ka mat 6. e4 en ideaalt Zentrum opriichten. Doropshi muss Schwaarz 6.... b5 spillen, well Wäiss soss einfach de Bauer mat 7. Lxc4 zeréckgewanne géif an opgrond vu senger Zentrumspresenz a senger Figurenaktivitéit am Virdeel wier. No 6.... b5 spillt Wäiss gewéinlech 7. e5, wourop de Sprénger net zéie kann, well e géint d'Damm gefesselt ass. Fir kee Material ze verléiere muss Schwaarz probéieren de Sprénger z'entfesselen andeems en de Leefer op g5 vun der Diagonal h4-d8 verdreift mat 7.... h6 8. Lh4 g5. Lo drot dee wäisse Leefer geschloen ze ginn an no 9. Lg3 Sd5 wier Wäiss einfach nëmmen e Bauer hannen. Allerdéngs ka Wäiss säi Sprénger fir zwee Bauere gi mat 9. Sxg5 hxg5 10 Lxg5 an et drot 11. Lxf6 mat Ugrëff op d'Damm an den Tuerm. Schwaarz muss also de Sprénger op f6 decken, entweeder duerch 10.... Sbd7, deen heefegsten Zuch, oder duerch 10.... Le7. Nodeem de Wäiss de Sprénger op f6 mam e-Bauer zeréckgeschloen huet, ass et Schwaarz deen einstweilen e Bauer hannendran ass.

Moskauer-Variant änneren

  • 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6 5. Lg5 h6

Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen änneren

An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Hallefslawesch Verdeedegung ënner de Schlësselen D43 bis D49 klassifizéiert.

  • D43: 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6
  • D44: 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6 5. Lg5 dxc4
  • D45: 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6 5. e3
  • D46: 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6 5. e3 Sbd7 6. Ld3
  • D47: 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6 5. e3 Sbd7 6. Ld3 dxc4 7. Lxc4
  • D48: 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6 5. e3 Sbd7 6. Ld3 dxc4 7. Lxc4 b5 8. Ld3 a6
  • D49: 1. d4 d5 2. c4 e6 3. Sc3 Sf6 4. Sf3 c6 5. e3 Sbd7 6. Ld3 dxc4 7. Lxc4 b5 8. Ld3 a6 9. e4 c5 10. e5 cxd4 11. Sxb5

Kuckt och änneren