Halifax-Monument zu Angles

D'Halifax-Monument zu Angles ass e Monument, dat drun erënnert, datt op där Plaz de 24. Juli 1941 en Halifax-Bomber, dee vun der Flak getraff gi war, eroffgefall ass.

Halifax-Monument zu Angles
Land Frankräich
Gemeng Angles
Koordinaten 46°23'22"N, 1°26'18"W

D'Monument steet an de Salzwisen um hallwe Wee tëscht Angles a Les Conches laanscht d'Departementsstrooss D46B an der Vendée.

De Fliger war en Halifax B II mat dem N° L9527 vun der 35. RAF-Schwadroun, deen um Fluchfeld vu Stanton Harcourt am Oxfordshire fortgeflunn war fir La Pallice ze bombardéieren.

Equipage

änneren
Grad Numm Plaz Unitéit Schicksal Plaz vum Graf
F/S C.A. Godwin Pilot RAF VR Gestuerwen Kierfecht vun Angles
Sgt G.G. Esnouf Copilot RAF VR Gestuerwen Kierfecht vun Angles
Sgt C.H. Newstead Mecanicien RAF Gestuerwen Kierfecht vun Angles
Sgt R.T. Rudlin Funker RAF VR Gestuerwen Kierfecht vun Angles
F/S S.H.J. Shirley Mitrailleur RAF Gestuerwen Kierfecht vun Angles
P/O G.A. Eperon Navigateur RAF Gefaangen am Stalag Luft III
Sgt E.O.T. Balcomb Funker RAF Gefaangen am Stalag 357