Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schluechtschëff, der HMS Hood (51). Fir aner Schëffer mat deem Numm kuckt wgl. HMS Hood.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'HMS Hood war e Schluechtschëff vun der Royal Navy. Si war eent vun de véier Schëffer vun der Admiral-Class, där hire Bau nach am Laf vum Éischte Weltkrich, Mëtt 1916 ugefaange gouf.

HMS Hood
D'HMS Hood am Panamakanal, 1924
D'HMS Hood am Panamakanal, 1924
Baudaten
Bestallt: 7. Abrëll 1916
Op Kiel gesat: 1. September 1916
Stapellaf: 22. August 1918
An Déngscht geholl: 15. Mee 1920
Schicksal: Versenkt duerch d'Bismarck
de 24. Mee 1941
Allgemeng Daten
Waasserverdrängung:
als Neibau
Konstruktioun: 41.200 ts
Maximal: 44.700 ts
Waasserverdrängung:
1940
Standard: 41.200 ts
Konstruktioun: 42.450 ts
Maximal: 48.360 ts
Längt: Lpp: 246,9 m
LKWL: 258,4 m
Li.a.: 262,3 m
Breet: 32 m i.A.
Héicht vum Mast: 31,7 m
Déifgank: 10,1 m
Ugedriwwen: 4 Dampturbinne mat
24 Kessele mat Uelegfeierung,
Einfach Boîte op 4 Wellen,
144.000 PSw
Vitess: 31 Kniet (1940: 28,8 kn)
Aktiounsradius: 9.260 km bei 18 kn
8.334 km bei 20 kn
Besatzung: zirka 1.200 am Fridden
zirka 1.477 am Krich
Bewaffnung: 8 x 38,1 cm L/42 Kanounen
an Duebeltierm
12 x 14 cm L/50 Kanounen
op Eenzellafette
14 x 10,2- a 24 x 4 cm-Flak
4 x 53,3 cm-Torpedoréier
Fligeren: 1-2 Fairey "Flycatchers"
vun 1931-1933
Kommandant (1941): Flaggkapitän Ralph Kerr

ënner dem Kommando vum
Vizeadmirol Lancelot Holland

Walsproch: Ventis Secundis
(lb: "Mat gënschtegem Wand")

D'Hood war allerdéngs dat eenzegt Schëff vun där Klass, dat fäerdeg gebaut gouf. D'Konstruktioun vun den anere Schëffer gouf agestallt. D'Schëff hat den Numm vum Admirol Samuel Hood, dem 1. Viscount Hood (1724-1816).

D'HMS Hood ass vum däitsche Schluechtschëff Bismarck bei engem Gefecht an der Dänemarkstrooss versenkt ginn.

Oflaf vum Séigefecht an der Dänemarkstrooss änneren

Enn Mäerz 1941 goufen d'Hood an d'Schluechtschëff Prince of Wales an den Nordatlantik zur Sécherung vu Geleetzich geschéckt. Enn Mee hunn déi zwee Schëffer mat Nordwestkurs d'Gebitt südlech vun Island ugesteiert. Si sollten déi däitsch Krichsschëffer, déi do gelauert hunn, a vun Nordoste komm sinn, d'Schluechtschëff Bismarck an de Schwéiere Kräizer Prinz Eugen, offänken.

De 24. Mee 1941 koum et dunn zum Gefecht, dat sechs Minutte gedauert huet. D'Bismarck huet et fäerdeg bruecht, mat senger fënnefter Salv aus alle Réier d'Hood sou staark ze beschiedegen, datt déi opgrond vun hirer schappeger Panzerung bannen zwou Minutten ënnergaangen ass.

Vun den 1.418 Mann Besatzung konnten nëmmen 3 Mann gerett ginn. Ee vun hinnen, den Edward Briggs, ass den eenzege Besatzungsmember, deen am Februar 2008 nach gelieft huet.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: HMS Hood (51) – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Tableau, gemoolt vum J.C. Schmitz-Westerholt, deen d'Versenkung vun der Hood am Gefecht mat der Bismarck duerstellt de 24. Mee 1941 duerstellt