Den HD 74156 ass e Gielen Zwerg dee vun op d'mannst zwéi Begleeder, HD 74156 b an HD 74156 c, ëmkreest gëtt. De Stär huet d'Spektralklass G0. Seng Mass läit bei ongeféier 1,2 Sonnemassen. Seng Begleeder goufen am Joer 2001 duerch Miessunge vu senger Radialvitess entdeckt.

HD 74156
Kaart vum Stärebild Hydra
Kaart vum Stärebild Hydra
Stärebild: Hydra (Hya)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 08h 42m 25,122s
Deklinatioun + 04° 34' 41,15"
visuell Magnitude + 7,61 mag
Spektralklass: G0
verännerleche Stärtyp
Astrometrie
Radialvitess: (+3,8 ± 0,2) km/s[1]
Parallax (15,52 ± 0,54) mas
Distanz (210 ± 7) Lj
Absolut Hellegkeet + 3,6 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 1,2 M☉
Radius: zirka 1,6 R☉
Liichtkraaft: zirka 3,0 L☉
Alter zirka 7 Mrd.
Aner Bezeechnungen
Bonner Duerchmusterung BD +5° 2035
Henry-Draper-Katalog HD 74156
Hipparcos-Katalog HIP 42723
SAO-Katalog SAO 117040
Tycho-Katalog TYC 219/1438/1
Weider Katalogen

Méiglech Existenz vu weideren Exoplanéiten änneren

Am Joer 2007 goufe vu Barnes et al. op Basis vu Modellrechnungen d'Existenz vun engem weideren Exoplanéit, HD 74156 d, an dem System virausgesot. Dobäi gouf ugeholl, datt all stabil Bunnen am System duerch e Planéit besat géif. Well tëscht de béide fir d'éischt entdeckte Begleeder eng stabil Zon läit, gouf doduerch e weideren Exoplanéit op e sou enger Bunn ugeholl. Zum Schluss gouf dee Begleeder duerch Miessunge vun der Radialvitess vum Zentralstär, geséchert. Fir den Exoplanéit gouf eng Ëmlafperiod vu ronn 340 Deeg an eng Mindestmass vu 0,4 Jupitermasse bestëmmt, déi grouss Hallefachs vun der Bunn gouf mat 1,0 A.E. an d'numeresch Exzentrizitéit mat 0,25 uginn. Allerdéngs hu verschidde Wëssenschaftler Zweiwelen un der Entdeckung gehat an am Joer 2009 publizéiert Ënnersich vum Wittenmyer et al. konnt d'Entdeckung net konfirméieren. Soumat muss d'Existenz vum beschriwwenen Exoplanéit bezweiwelt ginn. Wa sech d'Zweiwelen zerstreeë sollten, da wier dat den éischten Exoplanéit, deem seng Entdeckung erfollegräich virausgesot gouf.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Pulkovo radial velocities for 35493 HIP stars