Eng Viruleedung (oder Englesch Redirect)) leet an der Wikipedia e Säitentitel op eng aner Säit ëm. Doduerch kann erreecht ginn, datt z. B. beim Opruff vum Artikel Adder direkt den Artikel Réngelnatter ugewise gëtt.

Eng Viruleedung ass also wéi an enger Enzyklopedie a Buchform en Artikel "X", dee just aus dem Text "Kuckt den Artikel Y" besteet. Bei der Wikipedia geschitt dat "Noschloe" vun "X" op "Y" natierlech automatesch.

Selwer Viruleedunge maachen änneren

Wann een eng Viruleedung uleeë wëll vun "X" op "Y" (z. B. vun Adder op‎ Réngelnatter), dat soll een als éischt en Artikel "X" uleeën (am Beispill also Adder), do dra just de Code #VIRULEEDUNG [[Y]] (am Beispill #VIRULEEDUNG [[Réngelnatter]]) schreiwen, an dann ofspäicheren.

Ween eng Viruleedung spéider editéiere wëll, dee rifft se nees eng Kéier op (Sich no "Adder"). Et gëtt een dann natierlech op "Réngelnatter" virugeleet, mä do steet dann uewen an der Hiwäiszeil e Link op "Adder", op deen ee klicke kann an dann effektiv op "Adder" lant, deen een da beschaffe kann.

Wann een en Artikel réckelt, da leet d'Software automatesch eng Viruleedung un, ausser et mécht een de Krop bei der Këschtche "Viruleedung uleeën" ewech.

Reegelen änneren

E puer Konventioune sinn ze respektéieren:

  • Et soll ee Viruleedungen uleeë fir all alternative Lemma (wéi bei Adder/Réngelnatter, Bannhidder/Bannpréiter, asw).
  • Et muss een net, mä et kann een och nach weiderer uleeë fir datt en Artikel besser fonnt gëtt (wéi bei Adolf-Emil-Schmelz/Adolf-Emil-Hütte, Adolf Baeyer/Adolf von Baeyer, asw).
  • Et soll keng Viruleedung gemaach gi vun heefege mä falsche Schreifweisen, well soss den Androck entsteet, déi falsch Schreifweis wier eng alternativ richteg Schreifweis.
  • Et däerf een och keng Viruleedung op eng aner Viruleedung maachen, oder eng op en Artikel deen et nach guer net gëtt.
  • Den Zilartikel soll grondsätzlech sou heeschen, wéi en am Lëtzebuergeschen am gebräichlechsten ass. De Rescht sinn dann alternativ Bezeechnungen, déi am Zilartikel tëscht Klameren a fett geschriwwe ginn, an déi eng Viruleedung zegutt hunn. D'Nummkonventioune mussen natierlech och agehale ginn.