Hänsel a Gretel

(Virugeleet vu(n) Hänsel und Gretel)

Hänsel a Gretel ass e Märchen (ATU 327A), dat bei de Bridder Grimm an hire Kanner- an Hausmärercher op der Plaz 15 (KHM 15) steet.

Illustratioun vum Arthur Rackham (1909)
Hänsel a Gretel am Mäerchegaard Ludwigsburg

D'Bridder Grimm hunn et am hessesche Raum opgezeechent, et maach awer direkt vum Charles Perrault sengem Petit Poucet beaflosst sinn.

Urversioun vun 1812 änneren

Den Hänsel an d'Gretel sinn d'Kanner vun engem aarmen Holzfäller, dee mat senger Fra am Bësch lieft. Wéi d'Nout ze grouss gëtt, iwwerriet si hire Mon, d'Kanner no senger Aarbecht am Bësch zeréckzeloossen. Sou féiert en déi béid den nächsten Dag an de Bësch. Den Hänsel hat awer heemlech gelauschtert wat d'Eltere beschwat hunn an hie leet eng Spuer mat klenge wäisse Steng, mat deenen d'Kanner zeréckfannen, sou datt de Plang vun der Mamm net opgeet. Mä den zweete Versuch geléngt: Dës Kéier hunn den Hänsel an d'Gretel nëmmen eng Scheif Brout dobäi, déi den Hänsel a kleng Stéckercher zergrimmelt fir eng Spuer ze leeën. Dës gëtt awer vun de Villercher gefriess. Doduerch fannen d'Kanner net méi heem a verlafe sech.

Den drëtten Dag fannen déi béid en Haischen, dat ganz aus Brout, Kuch an Zocker gemaach ass. Si fänken un, Deeler vum Haus ofzebriechen, fir hiren Honger ze stëllen. An dësem Haus lieft awer eng Hex, déi Mënschefrësserin ass. Si rifft "Knuper, knuper, kneischen, wer knupert an meinem Häuschen?" (eréischt beim Ludwig Bechstein a senger Versioun heescht et "Knusper, knusper, kneischen! Wer knuspert mir am Häuschen?"). D'Kanner äntweren zwar "Der Wind, der Wind, das himmlische Kind", mä d'Hex léisst sech net täuschen, fänkt déi zwéin, mécht d'Gretel zur Déngschtmod a mäscht den Hänsel an engem Käfeg, fir e spéider ze friessen.

Den Hänsel gräift awer op eng Spiicht zeréck, fir et an d'Längt ze zéien: Fir ze préiwen, op de Jong schonn déck genuch ass, fillt déi hallefblann Hex all Dag säi Fanger, mä den Hänsel streckt hir all Kéier just eng kleng Schank entgéint. Wéi er bewosst gëtt, datt de Jong anscheinend net fett gëtt, verléiert se d'Gedold a wëll en direkt broden. Si seet dem d'Gretel, et soll an den Uewe kucken, op dee scho gliddeg ass. D'Gretel awer behaapt, ze kleng dofir ze sinn, sou datt d'Hex selwer nokucke muss. Wéi se den Uewen opmécht, dréckt d'Gretel déi béis Hex doran. D'Kanner huelen d'Schätz aus dem Hexenhaus mat a fannen de Wee zeréck bei de Papp. D'Mamm war an der Tëschenzäit gestuerwen. Elo liewe se glécklech an hu keen Honger méi.

Literatur änneren

  • Brüder Grimm. Kinder- und Hausmärchen. Ausgabe letzter Hand mit den Originalanmerkungen der Brüder Grimm. Mit einem Anhang sämtlicher, nicht in allen Auflagen veröffentlichter Märchen und Herkunftsnachweisen herausgegeben von Heinz Rölleke. Band 3: Originalanmerkungen, Herkunftsnachweise, Nachwort. Durchgesehene und bibliographisch ergänzte Ausgabe. Reclam, Stuttgart 1994. ISBN 3-15-003193-1, S. 37-38, 448.
  • Heinz Rölleke (Hrsg.): Die älteste Märchensammlung der Brüder Grimm. Synopse der handschriftlichen Urfassung von 1810 und der Erstdrucke von 1812. Herausgegeben und erläutert von Heinz Rölleke. Cologny-Geneve 1975, S. 70-81, 355-356. (Fondation Martin Bodmer; Printed in Switzerland).
  • Hans-Jörg Uther: Handbuch zu den Kinder- und Hausmärchen der Brüder Grimm. de Gruyter, Berlin 2008. ISBN 978-3-11-019441-8, S. 33-37.
  • Walter Scherf: Hänsel und Gretel. In: Enzyklopädie des Märchens. Band 6. S. 498-509. Berlin, New York, 1990.
  • Hedwig von Beit: Symbolik des Märchens. Francke, Bern 1952. S. 133-135.

Um Spaweck änneren

Commons: Hänsel a Gretel – Biller, Videoen oder Audiodateien